Stiefesdag
Dësen Artikel iwwer de Chrëschtentum ass eréischt just eng Skizz Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Stiefesdag heescht den Dag no Chrëschtdag, also de 26. Dezember. Den Numm kënnt vum hellege Stephanus ((fr) St Étienne), dem säi Martyrium (cf. Apg 7,58-60) op dësem Dag gefeiert gëtt.
Obschonn dësen Dag mam „zweete Chrëschtdag“ zesummefält, sinn d'Originne vun der Feierlechkeeten net déi selwecht. D'Traditioun vum zweete Chrëschtdag kënnt warscheinlech dovun, datt d'Chrëschtdeeg bis zum 20. Joerhonnert iwwer zwielef Deeg (Christmastides), vum 25. Dezember bis de 6. Januar gefeiert goufen.
Feierdag
ännerenDe 26. Dezember ass zanter 1892 e gesetzleche Feierdag zu Lëtzebuerg[1].
Den Dag no Chrëschtdag (26. Dezember), gëtt och gefeiert an ass ee Feierdag a follgenden europäesche Länner: Bulgarien, Dänemark, Däitschland, Éisträich, England, Estland, Finnland, Griicheland, Irland, Island, Italien, Kroatien, Lettland, Liechtenstein, Litauen, Holland, Norwegen, Polen, Rumänien, Schweden, an der Slowakei, Tschechien, Ungarn an an Zypern.
A Spuenie gëllt de Feierdag nëmmen a Katalounien an op de Balearen, a Frankräich nëmmen an de Departementer Bas-Rhin, Haut-Rhin a Moselle, an der Belsch an an der Schwäiz, nëmmen a verschiddenen Deeler. An den europäesche Länner ass et kee gesetzleche Feierdag.
Am Vereenegte Kinnekräich heescht de Feierdag (en) Boxing Day (vum Wuert "Box", enger Këscht, als Referenz dorop, datt d'Patronen hirem Personal fir Chrëschtdag e Kaddo offréiert hunn). An Holland, heescht d'Fest (nl)Tweede kerstag (Zweete Chrëschtdag), an Däitschland (de)Zweiter Weihnachtsfeiertag, an Italien (it) Santo Stefano, an Irland (gl) Lá Fhéile Stiofán oder Lá an Dreoilín.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Stiefesdag – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
änneren- ↑ Loi du 16 février 1892 déclarant jours fériés légaux les lundis de Pâques et de Pentecôte et le lendemain de Noël op legilux.lu, gekuckt den 9. Januar 2019. D'Gesetz schwätz vun "lendemain de Noël", net vun St Étienne!