Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Mënz déi zu Lëtzebuerg am Ëmlaf war. Fir déi spuenesch Mënz, kuckt wgl. Doublon.

Den Dubbel (fr. liard) ass e fréiert Mënzstéck aus Koffer mat engem Wäert vun 1/8 Steiwer (fr. sols). Et war domat déi klengst Wäerteenheet am deemolege Mënzsystem.

Lëtzebuergeschen Dubbel aus der Zäit vun der Maria Theresia, 1757
Lëtzebuergeschen Dubbel aus der Zäit vun der Maria Theresia, 1759

D'Mënz koum um Enn vum 17. Joerhonnert am Herzogtum Lëtzebuerg grouss op, wéi de liard op zwéin deniers tournois (Dinni) ofgewäert gouf an d'Bezeechnung double krut[1]. Dee Moment gouf den Dubbel souwuel an de Spueneschen Nidderlanden (zu deenen d'Herzogtum Lëtzebuerg du gehéiert huet) wéi och am Prénzbistum Léck geschloen[2].

Geschicht änneren

De franséische liard huet awer eng Virgeschicht, ier en de Wee an d'Spuenesch Nidderlande fonnt huet.

De Landstreech Dauphiné koum am 14. Joerhonnert bei Frankräich derbäi. En huet awer nach fir ee Joerhonnert eng gewëssen Onofhängegkeet behalen, wuerzou och d'Recht fir Mënz ze schloe gehéiert huet. Am 15. Joerhonnert koum do de liard als Sëlwermënz mat engem Wäert vun 3 Dinni op. Aner Regiounen hunn nogezunn, an och Vasalle vu Frankräich. 1649 gouf d'Mënz eng éischt Kéier a Koffer geschloen, awer ëmmer nach mam Wäert vun 3 Dinni. 1654 krut se den offizielle Status als Deel vum franséische Mënzsystem. 1658 ass de Wäert op 2 Dinni erofgesat ginn (dat huet herno nach no uewen an no ënne geännert[3], mä dat ass relativ egal fir Lëtzebuerg, wou den ursprénglechen Dinni souwisou géint 1300 verschwonnen ass an dee vun Tour ni opkoum).

Uganks vum 17. Joerhonnert hunn och Deeler vun de Spueneschen Nidderlanden an de Prënzbistum Léck ugefaangen déi Mënz ze schloen, als eng vun deene klengsten Ënnerdeelunge vum Krounendaler, deen do am Ëmlaf war, well déi Gebidder en Deel vum Hellege Réimesche Räich waren. Klamer op: D'Republik vun de Siwe Vereenegte Provënzen (quasi dat haitegt Land Holland) hat dunn den Duijt (lb. Däit(chen) oder Ditchen) deen 1/8 vun engem Stuiver war, grad wéi den Dubbel zum Steiwer[1]. Am Herzogtum Lëtzebuerg ass den Dubbel lues a lues populär ginn, richteg acceptéiert an adoptéiert war e vun Enn vum 17. Joerhonnert un[2].

Eng Randnotiz, déi een awer ernimme kann, ass d'Beduckse mat mannerwäertegen Alliagen (Billon) op Staatsniveau. Wéi d'Franzouse 1684 bis 1697 am Herzogtum Lëtzebuerg waren, do hu se mannerwäerteg Mënz matbruecht déi extra fir d'Grenzregioune geschloe goufen, fir op där anerer Säit d'Mënz mat guddem Metallgehalt aus dem Gebitt erauszehuelen. 1712 fänkt dann de Max Emanuel vu Bayern un zu Namouer eng ganz Hellewull vun Dubbelen aus mannerwäertegem Alliage schloen, déi och d'Herzogtum Lëtzebuerg iwwerschwemmt hunn, wou se guer net frou driwwer waren. Déi vun Namouer si mauvais liard oder petit liard genannt ginn a sollten ofgewäert ginn, an de bon liard mat engem Wäert vun 1/4 Steiwer sollt agefouert ginn.[4].[5] An der Praxis gouf et dann eben e puer Joer laang Namouerer Dubbele vun 1/10 Steiwer nieft deenen normale vun 1/8 Steiwer, déi ee wéinst der ënnerschiddlecher Prägung awer gutt ausenanerhale konnt. An dee bon liard war näischt aneschters wéi en 2 Dubbel Stéck, mat duebel sou groussem Gewiicht wéi deen normalen Dubbel.

D'Franzousen hunn hire Liard eng lescht Kéier 1792 geschloen, a wéi d'fransésisch reolutionär Truppe 1794 am Herzogtum Lëtzebuerg amarschéiert sinn do hu se an der Folleg de Krounendaler mam franséische Frang an den Dubbel mam Zantim ersat. Effektiv war den Dubbel 1,02880658 Zantim wäert[6] an d'Vollek huet tëscht deenen zwee keen Ënnerscheed gemaach. Dat konnte se och net gutt, well d'Franzouse sinn net mam Schloe vu klenge Mënzen nokomm, sou datt bei hinnen de Liard souguer nach bis 1856 am Gebrauch war, ier e mat engem Dekreet mat Effet op den 1. Juli 1856 definitiv demonitiséiert gouf. Zu deem Zäitpunkt war Lëtzebuerg awer scho laang e Groussherzogtum ginn a gouf vum hollännesche Kinnek a Personalunioun regéiert.

Ausdréck[7] änneren

  • dat as kee blatzegen Dubbel wäert
  • en huet alles drop gemaach bis op de leschten Dibbelchen
  • honnert Pond Schagréng (= fr. chagrin) bezuele keen Dubbel Schold
  • si hunn him alles op den Dubbel nogewisen
  • "dubbelsno", fir bis op dee leschten Zantimm, ganz genee
  • "du kriss den Dubbel gewiesselt", ironesch fir du wäers schéin ukommen
  • "eng Fieder um Hutt a keen Dubbel am Sak", fir ouni Suerge sinn och wann ee kee Geld huet
  • "vum Steiwer op den Dubbel" kommen, fir ëmmer méi aarm ginn
  • "är Dubble kréie Been", fir d'Geld lass ginn
  • "deen huet méi Dubbelen am Schaf, wéi seng Kéi Kléi am Raf", fir e knéckege Bauer, dee säi Véi am Fiddere vernoléissegt
  • "seng Dubbele beieneen halen", "den Dubbel ënner dem Domm martillechen", "Dubblen drécken", "Dubbelsdrécker", "Dubbelsquëtscher", "Knéckdubbel", fir e Knéckjang
  • "den Dubbel hunn", fir vill Geld hunn
  • Kannerreim: Sechs Äppel fir en Dubbel sinn d'Schiele net wäert, déi Schëfflenger Meedercher sinn d'Këssen net wäert

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 Lexikon der Luxemburger Umgangssprache Gearchiveerd op 2020-10-14. Gekuckt de(n) 2020-10-08.
  2. 2,0 2,1 Die wichtigsten Münzarten des Mittelalters und der Neuzeit, in: Hémecht, 1973, Heft 3, S. 429
  3. Serge Guiboud-Ribaud, Chroniques d'une frontière sous l'Ancien Régime: les 2 Pont-de-Beauvoisin, 1500-1788, Books on Demand, Paräis 2013 (1. Ed.), S. 255
  4. Die Münzen, welche im 16. 17. und 18. Jahrhundert im Luxemburger Lande im Umlauf waren, nach deren Werth in Franken und Centimes berechnet, in: Kirchlicher Anzeiger für die Diözese Luxemburg, 10. September 1874, S. 3
  5. Raymond Weiller, Un épisode de la circulation monétaire au pays de Luxembourg au début du 18e siècle, in: Revue belge de numismatique et de sigillographie, Bréissel 1987
  6. Tables de conversion des poids et mesures anciens, usités dans le Grand-Duché de Luxembourg, comparés aux poids et mesures du système métrique, tels qu'ils sont établis par l'arrêté royal du 29 mars 1817, J. Lamort, 1820
  7. Luxemburger Wörterbuch Gearchiveerd op 2022-06-27. Gekuckt de(n) 2020-10-08.