De Schellek (dt. Schilling, fr. escalin) ass e fréiert Mënzstéck aus Sëlwer mat engem Wäert am Herzogtum Lëtzebuerg vun 1/8 Wäissdaler (dt. Reichstaler, fr. écus blancs) a vu 7 Steiwer (hl. stuiver, fr. sols)[1][2]. Dës Wäerteenheet geet als sollech op d'Aféierung duerch de Keeser Karl V. am Joer 1536 zeréck[3].

Lëtzebuergesche Schellek aus der Zäit vum Philippe IV., 1636

Etymologie a Geschicht

änneren

De laténgesche Solidus gouf am ale Goteschen zu skilliggs an am alen Engleschen zu scilling, wat op där germanophoner Säit de Schilling an de Schellek ervirbruecht huet an op der francophoner chelin oder skèlin an duerno escalin.

An der fréier Neizäit waren eng Hellewull verschidde Mënzen am Ëmlaf, a souguer bei Mënze mam selwechten offiziellen Numm konnt jee no Mënzatelier an Zäitperiod de Metallgehalt an domat de Wäert en anere sinn. Wäitleefeg duerchgesat hu sech just déi Mënz déi wéinst hirem gudden an/oder stabile Wäert populär waren, an dat och emol iwwer d'Herrschaftsgebitt, an deem se geklappt goufen, eraus. Et däerf ee sech also froen, wéi verbreet dem Karl V. säi Schellek vu 1536 zu Lëtzebuerg war, an op dem Schellek seng immens Popularitéit net eréischt méi spéit koum an der Zäit wou Lëtzebuerg schonn zu de Spueneschen Nidderlanden gehéiert huet a just labber verbonne blouf mam Hellege Réimesche Räich.

D'Republik vun de Siwe Vereenegte Provënzen (quasi dat haitegt Land Holland) huet fir säin Deel vun de 1570er Joren u versicht sech vun de Spueneschen Nidderlanden ofzesetzen, wat awer formell eréischt nom Achtzegjärege Krich 1648 unerkannt gouf, a wann och an där Tëschenzäit d'Spuenier net gelidde ware sou blouf awer bis dohin d'Unerkennung vum Keeser vum Hellege Réimesche Räich (deen net onbedéngt vill dranzeschwätzen hat) intakt.

 
Arendschelling aus der Zäit vum Rudolf II., geschloen zu Kampen ëm 1595

Wéi dës Republik vu 1581 un ugefaang huet, eege Schelleken ze schloen, do kann een dovun ausgoen datt déi och an der Republik blouwen an net hire Wee an d'Herzogtum Lëtzebuerg fonnt hunn, sou datt vun do un den Numm vun der Mënz zwar offiziell deeselwechte war, mee Wäert a Prägung guer a glat net. Dëse Schellek vu 1581 gouf zu Geldern geschloen, hat e Wäert vu just 6 Stuiver (Steiwer), huet e Reider gewisen a gouf dowéinst Snaphaanschelleng genannt, wat ee mat Schellek mam Raiber um Päerd iwwersetze kann. 1595 huet och Kampen ugefaang sou eng 6 Stuiver Mënz ze schloen, mam Räichsadler drop, sou datt déi dunn "Arendschelling" (vum hollänneschen "Arend" fir Adler) genannt gouf, méi seelen och "Vlieger" oder "Krabbelaer" (vum mëttelnidderdäitsche "krabbelen" wat op déi germanesch Wuerzel "grebh-" zeréckgeet a "krazen, krauchen andeems ee sech festkroopt" bedeit - den Adler zerrapt seng Bäit mat senge Kloen)[3]. Duerno hunn och Deventer, Nijmegen, Zwolle a Frisland ugefaang sou Arendschellingen ze klappen.

Spéidere Géigewäert

änneren

Wann et de lëtzebuergesche Schellek 1820 nach gi wier dann hätt een dovun dann e Géigewäert gehat vu 57,61 franséischen Zantimm[4].

De Géigewäert am Joer 2020 ass onméiglech genee festzeleeën, well d'Präisdeirecht sech ganz anescht entwéckelt huet jee no Wuerenzort. Well Iesswueren hautdesdaags am Verhältnes zu de Paie vill méi bëlleg si wéi viraals, ass sech éischter un deenen och haut nach méi deire Wueren z'orientéieren. Wann ee Mëtt vum 18. Joerhonnert als Referenzzäit hëlt, da kéint ee soen[5]:

  • 1 Schellek ass op Basis vum Fruuchtpräis tëscht 0,75 an 0,90 Euro
  • 1 Schellek ass op Basis vum Sëlwerpräis tëscht 1,4 an 2,1 Euro
  • 1 Schellek ass op Basis vum Botterpräis tëscht 2 a 5 Euro
  • 1 Schellek ass op Basis vum Véipräis tëscht 4 an 9 Euro
  • 1 Schellek ass op Basis vum Béier- a Päerdspräis tëscht 14 a 25 Euro

Referenzen

änneren
  1. Journal historique et littéraire La Clef du Cabinet des princes de l'Europe, e Journal historique et littéraire vum Mee 1764, S. 322
  2. La noblesse luxembourgeoise au XVIIIe siècle, Calixte Hudemann-Simon, 1985, S. 497
  3. 3,0 3,1 Die wichtigsten Münzarten des Mittelalters und der Neuzeit, in: Hémecht, 1973, Heft 3, S. 428
  4. Die Münzen, welche im 16. 17. und 18. Jahrhundert im Luxemburger Lande im Umlauf waren, nach deren Werth in Franken und Centimes berechnet, in: Kirchlicher Anzeiger für die Diözese Luxemburg, 10. September 1874, S. 3
  5. H. Hirth on Weidenthal, Fragmentarisches aus dem Rechenregister der Schlossherrschaft Hollenfels 1757-1766, in: Hémecht, 1966, Heft 2, S. 143-162