De Sprosser (Luscinia luscinia) ass e Sangvull aus der Famill vun de Muscicapidae (de: Fliegenschnäpper). Hien ass d'Schwësteraart vun der Nuechtegailchen, där hie staark gläicht. Säi Verbreedungsgebitt zitt sech vun Ost- an Nordeuropa bis wäit no Osten an Asien.

Sprosser

Aner Sproochen: de: Sprosser
fr: Rossignol progné
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Vullen
Uerdnung: Passeriformes
Ënneruerdnung: Passeri (Sangvigel)
Famill: Muscicapidae de: Fliegenschnäpper
Gattung: Luscinia
Aart: Sprosser
Wëssenschaftlechen Numm
Luscinia luscinia
(Linnaeus, 1758)
Luscinia luscinia

An Europa, wou béid Aarte verbreet sinn, ass de Sprosser nëmmen am Nordosten ze fannen, wou hien d'Nuechtegailchen, déi am Weste vum Kontinent lieft, ersetzt. An Nord- an Ostdäitschland iwwerschneide sech déi zwee Verbreedungsgebidder an engem schmuele Beräich, an deem sech déi zwou Aarten ënnerenee reproduzéieren. Awer nëmmen déi männlech Nokommen aus dëse Kräizunge si fortplanzungsfäheg.

Den Numm änneren

De lëtzebuergeschen Numm ass de selwechte wéi den däitschen, woubäi ugeholl gëtt, datt e vu Sprosse, am Sënn vun engem Fleck (cf. de: Sommersprosse, lëtz.: Speechelen) ofgeleet ass, dat wéinst der gefleckter bis donkler Broscht vum Sprosser. Déi franséisch Nimm rossignol philomèle (Nuechtegailchen) a rossignol progné (Sprosser) weisen op déi griichesch Mythologie hin: Philomela a Progne sinn zwou Schwësteren, déi an Nuchtegailecher (respektiv an eng Nuechtegailchen an an eng Schmuewel) verwandelt ginn. Den engleschen Numm thrush nightingale (Drosselnuechtegailchen) weist op déi no Famill mat der Nuechtegailchen hin.

Bruttgebitt a Migratioun änneren

Dem Sprosser säi Bruttgebitt zitt sech vun Nord- an Osteuropa bis wäit no Osten an Asien eran. Hien iwwerwantert am Oste vun Afrika südlech vun der Sahara. Déi europäesch Populatiounen zéien an zwou Schleefen, also op getrennte Weeër vun Norden no Süden an zeréck.

De Sprosser zu Lëtzebuerg änneren

Zu Lëtzebuerg ass de Sprosser bis haut eréischt zweemol gesi ginn, dat um Duerchzuch an zwee Fiichtgebidder, wou jee een Exemplar gefaangen a beréngt gouf: 2015 am Schëfflenger Brill[1][2] an 2016 am Naturschutzgebitt Schlammwiss zu Iwwersiren.[2]

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Luscinia luscinia – Biller, Videoen oder Audiodateien
  1. regulus zäitschrëft fir natur & ëmwelt Jahresbericht 2015, S. 13
  2. 2,0 2,1 C., 2016. Übersyren. Erstmals Sprosser nachgewiesen. Luxemburger Wort vum 27./28. August 2016, S. 36.