Sosigenes (Moundkrater)

Moundkrater

De Sosigenes ass en Aschlagkrater op der viischter Moundsäit um westleche Rand vum Mare Tranquillitatis. Hie läit nordwestlech vum Krater Arago a südwestlech vum Maclear. De Krater ass schosselfërmeg mat flaachem Kraterbuedem an ass bal guer net erodéiert.

Sosigenes (Moundkrater)
De Moundkrater Sosigenes (Mëtt ënnen) a seng Ëmgéigend (Foto vum LROC-WAC)
Eegenschaften
Breet 8,68° N
Längt 17,59° O
Duerchmiesser 16,99 km
Déift 1500[1]
Selenographesch Längt 342 ° bei Sonnenopgank
Genannt nom Sosigenes vun Alexandria
Krut säin Numm am Joer 1935

Ëstlech vum Krater lafe Moundrillen, d'Rimae Sosigenes haaptsächlech an nordsüdlecher Richtung.

Niewekrateren änneren

Sosigenes Breetegrad Längtegrad Duerchmiesser
A 7,75° N 18,45° O 11,47 km
B 8,32° N 17,2° O 3,74 km
C 7,21° N 18,96° O 3,31 km

De Krater gouf 1935 vun der IAU offiziell nom griicheschen Astronom Sosigenes vun Alexandria genannt.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. John E. Westfall: Atlas of the Lunar Terminator. Cambridge University Press, Cambridge ë. a. 2000, ISBN 0-521-59002-7.