Arago (Moundkrater)
Moundkrater
Den Arago ass en Aschlagkrater um westlechen Deel vum Mare Tranquillitatis. Hie läit nordëstlech vum Manners-Krater a westlech vun deem vum Mare iwwerdeckte Krater Lamont. Am Südwesten ass d'Kraterkoppel Ritter a Sabine ze gesinn.
Koordinaten | 6°9'0"N, 21°25'48"O |
---|---|
Duerchmiesser | 25,5 km |
Déift | 2.680 m |
Selenographesch Längt | 358° bei Sonnenopgank |
Genannt no | François Arago |
Genannt am Joer | 1935 |
Moundvéiereck | LQ12 |
De Kraterrand huet op der Westsäit eng Bëls. A sengem Zentrum leeft en zentralen Hiwwel a Richtung Norden. D'Ëmfeld vun der Mareuewerfläch ass virun allem op der Ost- a Südost-Säit duerch Hiwwelkette gezeechent.
Am Norden ass eng grouss Lavakuppel, déi Arago Alpha (α) genannt gëtt. Eng zweet Kuppel, Arago Beta (β), mat bal der selwechter Gréisst ass op der selwechter Distanz op der Westsäit.
Arago | Breetegrad | Längtegrad | Duerchmiesser |
---|---|---|---|
B | 3,41° N | 20,8° O | 6,9 km |
C | 3,88° N | 21,47° O | 3,03 km |
D | 6,91° N | 22,39° O | 3,95 km |
E | 8,5° N | 22,7° O | 6,28 km |
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Arago – Biller, Videoen oder Audiodateien |