Rue Saint-Mathieu
Strooss an der Stad Lëtzebuerg
(Virugeleet vu(n) Sichegaass)
D'Rue Saint Mathieu ass eng Strooss am Pafendall an der Stad Lëtzebuerg. Se verleeft vun der Bréckergaass bei der Pafendaller Kierch a Richtung Norden, laanscht d'Sichepaart an ënnert der Rouder Bréck erduerch bis op de Sichenhaff. Se ass en Deel vum CR218.
Numm |
lb: Descherwee[1], Sichegaass[2] fr: Rue Saint Mathieu |
---|---|
Fréieren Numm | fr: Rue des Tisserands (bis 1925)[3] |
Längt | ca. 540 m |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Uertschaft | Lëtzebuerg |
Quartier | Pafendall |
Postcode | 2138 |
Koordinaten |
49° 37’ 06’’ N 06° 07’ 56.4’’ O |
D'Strooss huet den Numm vum Patréiner vun der Kierch, dem hellegen Téiwes.
Tëscht 2015 an Enn 2017 gouf am Descherwee déi nei Zuchhalt Gare Kierchbierg-Pafendall op der Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Ëlwen gebaut, zesumme mat engem Funiculaire a Richtung Kierchbierg.
Biller
änneren-
Haus op Nummer 26
-
Ënnescht Entrée vun der Gare Kierchbierg-Pafendall (Trap oder Lift).
-
Den Théiwesbuer.
Um Spaweck
ännerenCommons: Rue Saint-Mathieu – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
änneren- ↑ vum Sichenhaff bis bei d'Sichepaart
- ↑ vun der Sichepaart bis bei d'Bréckergaass
- ↑ „Neubenennung von Strassen der Stadt Luxemburg“ am Luxemburger Wort, Nummer 155, 4. Juni 1925, S. 11