En Oxymoron (gr.: oxys - "schaarf(sënneg)", moros - "domm") ass eng rhetoresch Figur, bäi där zwou géigesätzlech Realitéiten an enger Formuléirung zesummegefaasst ginn, déi sou e Widdersproch bannent sech selwer duerstellt. Wat d'Oxymoron vum Paradoxon an anere Géigesätz ënnerscheet, ass datt et bewosst gebraucht gëtt fir e rhetoreschen Effet z'erzilen an datt de Géigesaz just op den éischte Bléck existéiert, well d'Zesummesetze vun de Wierder en neit Poesie- oder Expressiounskonzept duerstellt.

Beispiller: batterséiss. de ronnen Eck, e klengt Riserad.

Verbreet ass och d'Aart a Weis fir eng Expressioun als Oxymoron ze consideréieren, déi vu sech aus guer net versicht, een ze sinn, z. B. US-amerikanesch Kultur, Fraelogik.

De Géigendeel vum Oxymoron ass de Pleonasmus.