Serie 16 SNCB
Nummeréierung: 1601-1608
Stéckzuel: 8
Constructeur: Elektrescht: ACEC vu Charleroi
Mécanique: CFM (BN) vun Nivelles
Baujoer: 1966
Ausmusterung: 2009
Achsformel: Bo'Bo'
Déngschtmass: 82,6 Tonnen
Längt iwwer Puffer: 16.550 mm
Héicht: 4236mm
Maximal Achselaascht 20,6 Tonnen
Héchstvitesse: 160 km/h
Stroumsystemer: 3kV Gläichstroum
1,5kV Gläichstroum
25kV 50 Hz Wiesselstroum
15kV 16,⅔ Hz Wiesselstroum
Leeschtung: 2780 kW

D'Lokomotive vun der Serie 16 sinn Elektrolocke vun der SNCB déi 1966 kaaft goufe fir domat op den Nopeschreseaue fueren ze kënnen. Si kënnen ënner der belscher, franséischer, hollännescher an däitscher Catenaire fueren. Aus de Joren 1974 bis 1978 sinn Asätz op de Freccia del Sole Zich bis op Spiez an der Schwäiz bekannt.

Nodeem d'InterCity A, vun 2002 un, net méi bis op Köln gefuer sinn, huet d'Serie 16 hir Haaptleeschtung verluer a gouf bis zu hirer Ausmusterung, den 12.Dezember 2009, nach op P Zich tëscht Bréissel a Welkenraedt agesat.

Bemierkungen änneren

  • Wéi schonn d'Serie 15 gouf d'Serie 16 an zwou Tranchë gebaut, erkennbar un den alen SNCB Nummere mat deene se virun 1970 ënnerwee waren. Fir d'1601 bis 1604 waren dat 160.001 bis 160.004, well si e Siemens Transformater hunn, an 160.021 bis 160.024 fir d'1605 bis 1608 déi en ACEC Transformater hunn.
  • 1974 kruten d'1601 an 1602 zousätzlech e schmuele 15.000kV Pantograph montéiert, fir kënnen an der Schwäiz ze fueren. Bis 1976 si se bis op Spiez gefuer, bis 1978 nach bis op Basel. Zanterhier fuere keng SNCB Lokomotive méi an der Schwäiz.
  • An den 1980er Joren huet Märklin, eng däitsch Firma déi fir hir Modellzich bekannt ass, d'SNCB gefrot ob se kéinten d'1601 an 1602 an där neier Memling Livrée usträichen. Déi markant Livrée am Groe mat bloen Dräiecker war d'Markenzeeche vun den EuroCity Memling déi an den 1980er an 1990er Joren um Krop vun enger Serie 16 tëscht Oostende a Köln ënnerwee waren. An der Tëschenzäit hu béid Maschinnen awer nees déi normal SNCB Livrée am Blo-gielen.
  • Och op Initiativ vu Märklin gouf d'1608 faarweg ugestrach mat enger gieler Nues. Hannergrond war eng Aktioun fir e gudden Zweck bei där Märklin Modeller vun der 1608 verkaf huet an de Benefice un d'"Fondation scientifique de l'hôpital des enfants Reine Fabiola" gaangen ass. Bis haut ass d'1608 sou ugestrach.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: SNCB Class 16 – Biller, Videoen oder Audiodateien