InterCity A
Den InterCity A (IC A) ass e belschen Zuch deen Oostende mat Eupen verbënnt. En ass a villerlee Hisiichten d'Aushängescheld vum belschen InterCitydéngscht.
Allgemenges
änneren- Well d'Linn 2 ënner 25.000 Volt Wiesselstroum elektrifizéiert ass, mussen d'Lokomotiven déi den Zuch zéien oder drécken, bei Leuven a bei Ans d'Spannung wiesselen.
- Den IC A ass nieft dem InterCity O den eenzege belschen Zuch dee regulär mat 200 km/h ënnerwee ass.
- Ier 2002 d'Linn 2 opgoung an domat den Thalys konnt fueren, sinn d'IC A net op Eupen, mä op Köln gefuer.
Partikularitéite vum Zuch
ännerenD'Zich vum IC A assuréieren déi wichteg Ost-West Verbindung. Dobäi fuere se duerch jiddwer Regioun a jiddwer Communautéit an der Belsch. A Punkto Sproochen heescht dat datt d'Personal vun der SNCB net manner wéi 4 verschidde Sproochkombinatiounen asetzen muss, fir konform mat de jeeweilege Gesetzer ze sinn.
Material
ännerenWëll se op der Linn 2 tëscht Leuven an Ans mat 200 km/h fueren, bestinn all d'IC A aus enger Ramm I11er mat enger SNCB 13 un engem Enn an engem I11BDx-Steierwon um Aneren. Et ass geplangt d'Serie 13 mat neie Maschinnen aus der Serie 18 z'ersetzen. E geneeën Datum ass awer nach net bekannt.
Streckeverlaf
ännerenDen InterCity A fiert iwwer follgend Linnen:
- Linn 50A - Linn 0 - Linn 36N - Stroumwiessel 3kV / 25kV - Linn 2- Stroumwiessel 25kV / 3kV - Linn 36 - Linn 49
Garë wou den Zuch hält
ännerenOostende - Brugge - Gent - Bréissel-Midi - Bréissel-Central - Bréissel-Nord - Leuven - Léck-Guillemins - Verviers - Welkenraedt - Eupen
Numerotatioun vun den Zich
ännerenOstende - Eupen: IC 503 bis 522
Eupen - Ostende: IC 527 bis 545