D'Gebr. Märklin & Cie. GmbH ass eng däitsch Entreprise, déi virun allem fir d'Produktioun vu Modelleisebunne bekannt ass. Mat engem Joresëmsaz vun 108 Milliounen Euro (Stand: 2011) hëlt si d'Spëtzeplaz vun de Modelleisebunnshiersteller an Europa an. D'Produktioun ass zu Göppingen an zu Győr an Ungarn (Stand 2012).

Gebr. Märklin & Cie. GmbH
Typ GmbH
Grënnungsdatum 1859
Sëtz Göppingen, Däitschland
Leedung Wolfrad Bächle
Stefan Löbich
Mataarbechter 980 (2011)
Ëmsaz 108,77 Mio. € (2011)
Branche Modelleisebunnen
Homepage www.maerklin.de

Geschicht änneren

No der Grënnung 1859 duerch den Theodor Friedrich Wilhelm Märklin, huet d'Gebr. Märklin & Cie. GmbH wärend e puer Joer haaptsächlech Kiche fir kleng Spillpoppen hiergestallt. 1891 gouf den éischte Modellzuch vun de Kanner vum Firmegrënner hiergestallt, an 1895 goufen déi éischt elektresch Modellzich an der Spuerbreet 1 (Moossstaf 1:32) verkaaft. Am Joer 1900 gouf d'Spuer 0 agefouert, mat enger Spuerbreet vun 32 mm.

D'Spuer 00, Virgänger vum haut weltbekannten H0 mat enger Spuerbreet vu 16,5 mm (Moossstaf 1:87), gouf 1935 fir d'éischt Kéier virgestallt, allerdéngs mat engem Moossstaf vun 1:76. Zanterhier huet sech Märklin och definitiv fir den 20-Volt-Wiesselstroumsystem entscheet.

1937 huet Märklin fir d'éischt Kéier op der „Spielwarenmesse Nürnberg“ ausgestallt, a konnt e komplett Sortiment vu Lokomotiven, Wagonen, Schinnen an Accessoirë virstellen.

Märklin konnt sech allerdéngs mat den neie Spuer-N-Produiten net géint d'Konkurrenz duerchsetzen, an huet dowéinst 1972 eng nei Spuer, genannt Z, mat engem Moossstaf vun 1:220 (Spuerbreet 6,5 mm), presentéiert.

1980 huet Märklin de Konkurrent Trix opkaf, deen zanterhier d'Produktioun vu Gläichstroum-Produiten (Spueren H0 an N) iwwerholl huet.

De 4. Februar 2009 ass Märklin (wéi vill aner Modelleisebunnshiersteller) offiziell faillite gaangen, mä konnt sech duerch d'Aarbecht vum Insolvenzverwalter Michael Pluta retten. Am November 2012 gouf bekannt datt de Spillsaachefabrikant Simba Dickie Group drun intresséiert ass, Märklin z'iwwerhuelen.

Um Spaweck änneren

Commons: Märklin – Biller, Videoen oder Audiodateien