Departement Seine-et-Marne
Seine-et-Marne (77) | |
---|---|
Regioun | Ile-de-France |
Prefecture | Melun |
Ënnerprefecture | Fontainebleau Meaux Provins Torcy |
Bevëlkerung | 1 313 414 Aw.(2009) |
Fläch | 5.915 km² |
Arrondissementer | 5 |
Kantonen | 43 |
Gemengen | 514 |
D'Seine-et-Marne (77) ass e franséischt Departement, an der Regioun Île-de-France. Säin Numm kënnt vun de Flëss Seine a Marne. Et gouf zesumme mat 82 aneren Departementer ënner der Franséischer Revolutioun, de 4. Mäerz 1790 op Grondlag vum Gesetz vum 22. Dezember 1789 geschaf.
Geographie
ännerenD'Departement Seine-et-Marne läit an der Regioun Île-de-France, wouvun en déi ëstlech Hallschent bilt. Et grenzt un d'Departementer Val-d'Oise, Seine-Saint-Denis, Val-de-Marne an Essonne am Westen, Loiret a Yonne am Süden, Aube a Marne am Osten, Aisne an Oise am Norden.
De gréissten Deel vum Departement gehéiert zur natierlecher Regioun Brie, op där mat hire fruchtbare Biedem haaptsächlech Kären an Zockerrommele gezillt ginn. Aus der Véizuucht a besonnesch der Mëllechwirtschaft si bekannt Kéiser wéi de Brie an de Coulommiers bekannt. Do wou déi leemeg Biedem net ewechgeschwemmt goufen, fënnt ee schéi Bëscher wéi d'Staatsbëscher vun Armainvilliers, vu Crécy oder vu Jouy. Westlech vu Montereau am Dall vun der Seine leien d'Bëscher vu Fontainebleau déi am Süden an d'Kallekbiedem vum Gâtinais iwwerginn, op deenen haaptsächlech Kären a Fuddermëttele gezillt ginn. Am westlechen Deel nërdlech vun der Marne läit den niddrege Plateau vun der Goële mat senge Sandkoppe mat Bëscher an Hecken. D'Géigend ass bekannt wéinst dem Uebstbau. De Multien tëscht Meaux an dem Valois huet méi räich Biedem op deene Weess a Rommele gezillt ginn. Industriell Aktivitéite fënnt een an de Stied wéi Meaux, Lagny, Coulommiers, Montereau a Melun. D'Departement ass och de gréisste Pëtrolsproduzent am Paräisser Baseng, mat Pëtzer zu Coulommes, Chartrettes a Chailly-en-Bière.
Hydrographie
ännerenAusser der Yerres huet keen nennenswäerte Floss seng Quell am Departement. D'Seine déi am Süde vum Departement op enger Längt vun 106 km vun Osten no Westen derduerch leeft an an déi schliisslech all d'Flëss vum Departement ophëlt ass nieft der Marne déi hire gréissten Niewefloss ass, de gréisste Floss vum Departement. De Petit Morin, d'Ourcq, de Grand Morin sn d'Beuvronne sinn Nieweflëss vun der Marne an den Orvin, d'Voulzie, d'Yonne, de Loing an d'Yerres lafen an d'Seine.
Stied
ännerenGréisser Stied si Chelles, Torcy, Pontault-Combault, Lagny-sur-Marne, Coulommiers, Nemours, Meaux, Melun, Montereau-Fault-Yonne, Brie-Comte-Robert, Provins, Fontainebleau an déi nei geschaf Stied Marne-la-Vallée a Sénart.
Demographie
ännerenD'Awunner ginn op Franséisch Seine-et-Marnais(es) genannt.
1800 | 1901 | 1946 | 1975 | 1982 | 1990 | 1999 | 2004 | 2009 |
---|---|---|---|---|---|---|---|---|
299 160 | 358 325 | 407 137 | 755 762 | 887 112 | 1 078 166 | 1 193 767 | 1 253 637 | 1 313 414 |
Kuckeswäertes
änneren- Kathedral vu Meaux
- Schlass Fontainebleau
- Bësch vu Fontainebleau
- Moret-sur-Loing
- Schlass Vaux-le-Vicomte
- Schlass Champs-sur-Marne
- Schlass Ferrières-en-Brie
- Château-Landon
- Provins
- Blandy-les-Tours
- Commanderie vum Templeruerden zu Coulommiers
- Kryptae vu Jouarre
- D'Halen aus dem 16. Jh. zu Égreville
- Barbizon
- Milly-la-Forêt
- Parc Disneyland
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Seine-et-Marne – Biller, Videoen oder Audiodateien |