Departement Loiret

franséischt Departement
Loiret (45)
Regioun Centre-Val de Loire
Prefecture Orléans
Ënnerprefecture Montargis
Pithiviers
Bevëlkerung 662 297 Aw.(2012)
Fläch 6 775 km²
Arrondissementer 3
Kantonen 21
Gemengen 334

De Loiret (45) ass e franséischt Departement an der Regioun Centre-Val de Loire. Et krut säin Numm vum Floss Loiret, engem Karstlaf vun der Loire.

Geschicht änneren

D'Departement gouf zesummme mat deenen aneren 83 éischten Departementer wärend der franséischer Revolutioun geschaf, de 4. Mäerz 1790 (Gesetz vum 22. Dezember 1789), aus engem Deel vun der fréierer Provënz Orléanais.

Geographie änneren

De Loiret ass e relativ platt Departement op enger Héicht vun engen 100 m. Deen héchsten Hiwwel bréngt et op 273 m an déi déifste Sank op 66 m.

Vu Südosten no Weste fléisst d'Loire derduerch. D'Loiret fir säin Deel huet just e Laf vun 12 km.

Kuckt och änneren