Île-de-France

Regioun vu Frankräich
(Virugeleet vu(n) Ile-de-France)
Île-de-France
Land Frankräich
Departementer Essonne (91),
Hauts-de-Seine (92),
Paräis (75),
Seine-Saint-Denis (93),
Seine-et-Marne (77),
Val-de-Marne (94),
Vald'Oise (95),
Yvelines (78)
Prefecture Paräis
Awunner 11 959 807
Bevëlkerungsdicht 996 Aw./km²
Fläch 12 014 km²
Arrondissementer 25
Kantonen 155
Gemengen 1 280

D'Île-de-France ass eng franséisch Regioun mat aacht Departementer: Essonne, Hauts-de-Seine, Paräis, Seine-Saint-Denis, Seine-et-Marne, Val-de-Marne, Val-d'Oise, Yvelines.

Geschicht

änneren

D'Regioun Île-de-France ass duerch de kinneklechen Territoire (fr. domaine royal) entstanen, deen zanter dem 10. Joerhonnert vun de kapetengesche Kinneken opgebaut gouf.

Den Numm kléngt komesch, wann een driwwer nodenkt. Wéisou "île" (lëtz. Insel) wann dës Regioun am Häerz vum Land läit, an d'Mier wäit ewech ass ? Den Numm kënnt aus enger Alteratioun vu "Liddle Franke" wat "Petite France" an der fränkescher Sprooch heescht. Dës Regioun ass d'Haaptplaz vun de fränkesche Vëlker, déi aus Germanien am Kader vun der Vëlkerwanderung a Gallien komm sinn. D'Grenze ware bis zum Enn vum Ancien Régime ëmmer liicht verschwommen. Dës Provënz huet sech no Westen a virun allem no Norden ausgebreet, a manner no Süden an Oste wéi et haut de Fall ass. D'Île-de-France war d'Haaptplaz fir d'wirtschaftlech Intresse vun den Händlerkorporatioune vu Paräis, déi hiren Deel zu de Grenze bäigedroen hunn.

Am 17. Joerhonnert ass eng grouss Parti vun den Awunner an d'Nouvelle-France (Québec) geplënnert, virun allem déi bekannt Filles du Roy

D'Regioun gouf am Kader vun der Revolutioun an dräi Departementer opgedeelt: Seine, Seine-et-Oise a Seine-et-Marne. D'Regioun gouf no 1945 nei opgebaut, an d'administrativ Dezentralisatioun zanter 1964, duerno politesch am Joer 1982, huet déi al Provënzen nees gestäerkt.

1965 gouf duerch d'Aktioun vum Paul Delouvrier d'Zuel vun den Departementer vun dräi op aacht erhéicht, dorënner och Paräis. Ee vun dësen Departementer, Seine-et-Marne, hëlt bal d'Hallschent vun der ganzer Regioun an. Ronderëm Paräis bilden d'Departementer Hauts-de-Seine, Seine-Saint-Denis a Val-de-Marne déi sougenannt Petite couronne. D'Grande couronne besteet aus den Departementer Val-d'Oise, Yvelines an Essonne. D'Zil vun där administrativer Reform war natierlech politesch: den Departement vun der Seine, wou de Prefekt bal souvill Muecht wéi de Premierminister hat, sollt zerstéckelt ginn. Déi Konkurrenz un der Spëtzt vun der Haaptstadregioun gouf vun De Gaulle a Michel Debré als ongesond ageschat. Sou koum et, datt am Joer 1965 d'Equipe ronderëm den Delouvrier de Schéma directeur d'aménagement et d'urbanisme de la région de Paris (SDAURP) realiséiert huet, deen d'Gesiicht an de Fonctionnement vun der Haaptstadregioun verännert huet: e Réseau Express Régional (RER) gouf an d'Liewe geruff, an nei Stied (sougenannte Villes nouvelles) goufe gebaut (Évry, Marne-la-Vallée, Cergy-Pontoise, Saint-Quentin-en-Yvelines a Melun-Sénart).

Den Distrikt vun der Paräisser Regioun gouf zu der franséischer Regioun Île-de-France am Joer 1976.

Geographie

änneren
 
D'Regioun Île-de-France an hir Departementer.

D'Regioun ass geographesch duerch hir Plaz am Paräisser Baseng beaflosst. De Relief vun dëser Regioun ass zimmlech flaach, an d'Land gëtt duerch e Floss bewässert, op deem och Schëffer fuere kënnen, d'Seine. D'Haaptnieweflëss vun der Seine lafen och an dëser Regioun zesummen, wat zu engem gudde Buedem fir Agrikultur féiert.

Mat hirer Fläch vun 12 072 km² ass d'Île-de-France eng vun de klengste franséische Regiounen, mä bei wäitem déi wichtegst duerch hir Awunnerzuel an hiert BIP: 28,6 % vum PIB vu Frankräich[1].

D'Île-de-France läit an engem Zentrum vun engem Kommunikatiounsreseau, dee sech stärefërmeg ronderëm Paräis opgebaut huet.

Am Norde fënnt ee Gips (Cormeilles-en-Parisis, Butte de Montmorency, Monts de la Goële...), Sandsteen (Gâtinais, Boucles de la Marne), Toun ronderëm d'Stad Provins (Seine-et-Marne) an am Mantois an och Kallek op der Grenz mat der Champagne-Ardenne a laanscht de Loing[2].

Den héchste Punkt vun der Île-de-France am administrative Sënn ass zu Neuilly-en-Vexin (Val d'Oise) op der Butte de Rône mat 217 m. Den niddregste Punkt läit bei 11 m zu Port-Villez (Yvelines). D'Moyenne läit bei 33 m (Hôtel de Ville zu Paräis).

Den héchste Punkt vun der historescher Regioun, déi Lännereien hat, déi haut net méi zu der administrativer Regioun zielen (ënner anerem am Departement Oise) ass de Mont Pagnotte, mat 221 m nërdlech vu Senlis.

Den Hiwwel vun Élancourt (fréier Colline de la Revanche) ass zwar mat sengen 231 m méi héich, mä dësen Hiwwel ass zum Deel kënschtlech geschaf ginn, wéi d'Stad Saint-Quentin-en-Yvelines gebaut ginn ass.

Den Haaptfloss vun der Île-de-France ass d'Seine. Bal all aner Waasserleef lafen an d'Seine, oder an aner Flëss déi spéider selwer an d'Seine fléissen. Duerch déi vill Bëscher (Saint-Germain-en-Laye, Fontainebleau) mä och duerch natierlech Héichte maachen d'Flëss dacks en Zickzack duerch d'Landschaft, deen typesch fir d'Île-de-France ass. Bei dëse Kréngele sinn dacks kleng Séien entstanen, déi hautdesdaags fir d'Fräizäit amenagéiert sinn (Moisson-Mousseaux, Cergy-Neuville, Villeneuve-Saint-Georges...).

Am Oste leeft d'Eure duerch hiren Dall am Süde vun den Yvelines an den Houdanais.

D'Regioun Île-de-France huet en temperéiert Klima, mat ozeaneschen Aflëss. An der Moyenne läit d'Temperatur bei 11 °C an den Néierschlag bei 600 mm.

 
De Bësch vu Montmorency.

Obschonn d'Île-de-France staark urbaniséiert ass, sou ass e groussen Deel awer ländlech bliwwen: vun den 12 070 km², gi 45 % fir d'Landwirtschaft benotzt an 23 % bestinn aus Bëscher. Zu de wichtegste Bëscher vun der Regioun ziele Fontainebleau, Montmorency, Saint-Germain-en-Laye a Sénart. D'Urbanisatioun geet awer ëmmer weider, a sou huet d'Agrikultur an de leschte 50 Joer 1 000 km² vun hirer Fläch verluer.

An der Regioun gëtt et och eng Partie Naturparken:

Administratioun

änneren

D'Regioun gëtt vum conseil régional verwalt. De Sëtz dovun ass zu Paräis an der 33 rue Barbet-de-Jouy am 7. Arrondissement. President ass zënter 1998 de Sozialist Jean-Paul Huchon.

Organismen, déi mam Conseil zesummeschaffen

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Île-de-France – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

änneren
  1. Quell: INSEE [1]
  2. Quell: Services Collectifs des Espaces Naturels et ruraux d'IDF.