E Seegelschëff (Schëffsnumm dacks mat SS uginn) ass e Schëff, dat ganz oder haaptsächlech mat senge Seegelen duerch d'Kraaft vum Wand viru gedriwwe gëtt. Seegelschëffer waren zanter der Antiquitéit bis zum 19. Joerhonnert déi wichtegst Verkéiersmëttele fir den Transport vu Gidder a Persounen op laange Strecken um Mier. Si goufe vum 19. Joerhonnert u mat Dampschëffer a Motorschëffer ersat. Bis gutt an d'19. Joerhonnert eran, waren och déi meescht Krichsschëffer Seegelschëffer. Kleng Seegelschëffer ginn als Seegelbooter bezeechent.

Weltkaart mat Haaptwandrichtungen
Dräimastschoner Mare Frisium
Zeesenboot, um Groussmast mat Klüver-a Fockseegel a Gaffelseegel ouni Bam, um Besanmast mat Luggerseegel

Opbau a Klassement änneren

Seegelschëffer hunn op d'mannst ee Mast, ee Seegel an och als Géigestéck am Waasser e Kiel, deen déif an d'Waasser era reecht, an ee Schwäert oder méi Säiteschwäerter, besonnesch bei Schëffer mat plattem Buedem.

En Ënnerscheed gëtt gemaach tëscht zwou Aarte vu Seegelen:

  • Rahseegel, déi an enger Rah ugeschloe ginn an haaptsächlech queesch zur Faartrichtung orientéiert sinn, a
  • Schratseegel, déi a Richtung vun der Längt vun der Schëffssachs ubruecht sinn. Zu de leschte gehéieren:
    • Héichseegel oder Bermudaseegel: dräieckege Seegel, déi um oder hanner dem Mast ubruecht sinn an deenen hiren ënneschten Deel hanne vun engem Bam opgespaant gëtt.
    • Gaffelseegel, déi d'Form vun engem Trapéiz hunn an un enger Gaffel gefuer ginn.
    • Laténgerseegel, dräieckeg oder trapéizfërmeg Seegel, déi an der Faartrichtung queesch zum Mast a mat engem Deel virum Mast hänken.
    • Luggerseegel, déi tëscht Gaffelseegel a Laténgerseegel ze klasséiere sinn an dacks ouni Bam gefuer ginn.
    • Sprietseegel, véiereckeg Seegel, déi vum viischten ënneschten Eck bis zum ieweschten Eck vum Mast hänken.
    • Krebsscherenseegel
    • Spreizgaffelseegel
    • Stagseegel

Type vu Seegelschëffer änneren

Net spezifesch Bezeechnunge fir Seegelschëffer sinn z. B.: Dräimaster, Groussseegeler, Fënneffmastschëff oder Windjammer.

Berüümt Seegelschëffer änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Seegelschëffer – Biller, Videoen oder Audiodateien