Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Santa Maria war d'Flaggschëff vum Christoph Kolumbus, op senger éischter Expeditioun vu 1492 bis 1493, mat där hien eng westlech Route iwwer d'Mier no Indie gesicht huet an dobäi Amerika entdeckt huet. D'Santa Maria war vun zwee méi klenge Schëffer, der Niña an der Pinta, begleeet.

Nobau vun der Santa Maria, 1893, USA
Aneren Nobau vun der Santa Maria

Op Chrëschtdag 1492 huet d'Santa Maria sech op enger Sandbänk virum haitegen Haiti festgefuer a goung verluer. D'Holz gouf fir de Bau vun La Navidad, der éischter spuenescher Siidlung op amerikaneschem Buedem, gebraucht. An där Siidlung huet de Kolumbus ongeféier 30 bis 35 vu senge Landsleit zeréckgelooss.

Aus den Opzeechnungen ergi sech keng Réckschlëss op de Bau vun der Santa Maria. D'Unhaltspunkte bleiwen onprezis. Et gëtt ugeholl, datt d'Santa Maria 25 m laang an 8 m breet war. De Kolumbus hat vermierkt, datt d'Schëff mat enger Vitess vun 9 Kniet fuere konnt, mä datt et trotz allem schwéier ze manövréiere war a sech dofir net ganz gutt fir sou eng Expeditioun gëeegent huet.

Um Spaweck

änneren
Commons: Santa Maria – Biller, Videoen oder Audiodateien
 
Nogebaut Santa Maria viru Madeira