Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

E Seegelboot ass e Sportboot, dat sech duerch d'Kraaft vum Wand virubeweegt. Vum Seegelschëff ënnerscheet sech e Seegelboot, well et méi kleng ass.

Bezeechnung vun den eenzelen Deeler vun engem Seegelboot

Seegelbooter kënnen a Jollen an a Yachten opgedeelt ginn, jee nodeem, wéi grouss se sinn a wéi stabil se sech um Waasser verhalen. Op der anerer Säit gëtt och en Ënnerscheed gemaach tëscht Seegelbooter, déi nëmmen ee Kierper (Romp) oder méi wéi ee Kierper hunn (Katamaranen).

Bei Regattae ginn d'Seegelbooter a Bootsklassen agedeelt, déi de Bauaarte vun den eenzele Bootstyppe reglementaresch Rechnung droen.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Seegelboot – Biller, Videoen oder Audiodateien