Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Mercator
Karriär
Gebaut vun: Ramage & Ferguson
vu Leith a Schottland
Am Déngscht zanter: 1932
Status haut: Muséesschëff zu Oostende
Donnéeën
Tonnage: 778,86 BRT
Längt: 78,40 m
Breet: 11,09 m
Déifgank: 4,50 m
Zuel vu Masten: 3
Héicht vun de Masten: 41 m (Mëttelmast)
Vitess: 13 Kniet
Equipage: 150
Eegentemer: Belsche Staat

D'Mercator ass e belscht Seegelschëff, dat fréier vun der belscher Marinn als Schoulschëff benotzt gouf an elo als Muséesschëff, zu Oostende am Yachthafen, bei der Gare, verankert läit.

Geschicht vun der Mercator änneren

 
D'Steier- a Kompassbréck

Staark beuecht gouf déi 9. Rees, déi d'Mercator vum 4. Oktober 1935 bis de 4. Mee 1936 gemaach huet. Vun der Rees huet d'Schëff déi stierflech Iwwerreschter vum Pater Damien, e flammännesche Missionnaire, deen 1889 zu Malakaï (Hawaii) bei senger Missiounsaarbecht en Affer vun der Lepra gouf, an 1995 vum Poopst Jean-Paul II. séileg gesprach gouf, an d'Belsch heembruecht.

Grad virum zweete Weltkrich, op senger 20. Rees, huet d'Mercator e wäertvolle Bäitrag bei der Opstellung vun hydrographesche Kaarte vun der Küst vum belsche Kongo geleescht.

Am Zweete Weltkrich ass d'Schëff vun der englescher Marinn opbruecht ginn, fir ënner engleschem Pavillon ze seegelen. Et gouf du vu britteschen U-Booter als Depotschëff benotzt.

Nom Enn vum Krich huet d'Belsch d'Mercator zeréckkritt. Well d'Schëff awer schwéier beschiedegt war, huet et 1947 missen zu Gent ganz iwwerholl ginn.

Vun 1951 bis 1960 gouf d'Schëff als Schoulschëff fir d'Ausbildung vu Matrouse vun der Belscher Marinn benotzt. Et huet an där Zäit och u verschiddene Seegelregatten deelgeholl.

1960 gouf d'Mercator aus dem Déngscht gezunn an zu Oostende verankert; et ass elo do als Muséesschëff ze gesinn.

Kuckt och änneren

Geschicht änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Mercator (Schëff) – Biller, Videoen oder Audiodateien