Musekwëssenschaften
D'Wuert Musek kënnt aus dem griicheschen mousike (techne) wat souvill wéi d'Konscht vun de Musen heescht.
Musekwëssenschaft
ännerenD'Musekwëssenschaft an hir Disziplinne befaasse sech mat der Entwécklung am Entstoe vu Musek (Musekgeschicht), hire Komponisten, hire Wierker an Interpreten, souwéi mat de Museksinstrumenter.
Weider Fuerschungsrichtunge sinn:
- Musektheorie mat hirer Kinneksdisziplin
- Harmonie,
- Museksoziologie a
- Musekpsychologie.
D'Musekwëssenschaften loosse sech graff an dräi Beräicher andeelen:
- Systematesch Musekwëssenschaften:
- Ugewant Musekswëssenschaften:
- Historesch Musekwëssenschaften:
Formen, Genren a Stiler
ännerenD'Musekwëssenschaften hunn eng Partie Uerdnungsdimensiounen entwéckelt déi mat ënnerschiddlechem Erfolleg op d'Musek ugewannt goufen.
No der Zort vun de Bedeelegten
änneren- Vokalmusek (liest heizou och a capella)
- Instrumentalmusek
Nom Ursprong
änneren- Musek aus europäescher Ofstamung
- Exotesch Musek
Firwat se gebraucht gëtt
änneren- Funktional Musek, vu liturgescher bis zur Militärmusek, Filmmusek a Muzak.
- Autonom Musek.
No reliéiser Motivatioun
änneren- Sakral Musek oder liturgesch Musek
- Weltlech Musek
Nom Tounsystem
änneren- Néngtounmusek (ganz speziell, zum Beispill Osvaldo Antonio Ovejero)
- Zéngtounmusek (fernöstlech)
- Zwieleftounmusek (gebräichlech)
No der Zuel vun de Musikanten
ännerenMusek an aner Disziplinnen
ännerenArchitektur
ännerenBei den ale Griichen a Réimer ware Musek an Architektur méi enk matenee verbonne wéi dat hautdesdaags de Fall ass. Architekten, Museker a Philosophen hunn an de vergaangene Joerhonnerten net nëmme Verbindunge gesicht mä sech och géigesäiteg nei Impulser ginn.
- Friedrich Wilhelm Joseph von Schelling: Architektur ist erstarrte Musik.
- Arthur Schopenhauer: Architektur ist gefrorene Musik.
De Gebrauch vu Musek
ännerenObwuel Musek dacks als zweckfräi Konscht ugesi gëtt, als d'gezilt Uwendung wäit verbreet. Zum Beispill fir verschidde Gefiller ze schafen (Publicitéit, Filmmusek), fir therapeutesch Zwecker (Musektherapie) asw. Musek gëtt och mat anere Konschtforme verbonnen, zum Beispill mat Lyrik (Oper asw.) oder Danzen (Ballet)
Geschicht
ännerenMusek kann an Epochen ënnerdeelt ginn, déi sech an der konventioneller Musekgeschicht un aner Forme vu Konscht an Architektur orientéieren (zum Beispill Musek vun der Antiquitéit, Renaissancemusek, Barockmusek, Klassesch Musek asw.). Neiste Fuerschunge probéieren awer och elo eng Historiographie opzestellen déi sech mat der Musekstruktur selwer befaasst an net mat den Afless vu baussen.
An der Chronologie vun der musikalescher Entwécklung kann ee follgend eurozentristesch Ofschnetter ënnerscheeden:
- Mëttelalter: Musek virum 13. Joerhonnert, Musek vum 13. Joerhonnert, Musek vum 14. Joerhonnert
- Modern: Musek vum 16. Joerhonnert, Musek vum 17. Joerhonnert, Musek vum 18. Joerhonnert
- Neizäit a Postmodern: Musek vum 19. Joerhonnert, Musek vum 20. Joerhonnert, Musek no 1950.
Museksoziologie
ännerenMusek ass net nëmme Selbstzweck a Kultur, mä och eng Branche an der Kulturindustrie. Déi haiteg Museksindustrie bestëmmt musikalesch Entwécklungen (Casting Bands], kommerzialiséiert Formen, déi onofhängeg vunenaner entstane si wéi (Jazz, Punk) an huet duerch eng massiv Lobbyaarbecht Afloss op politesch Entscheedungen aus (Copyright).
Musektechnologie
ännerenNieft de Firmen aus der Medienindustrie spillt och d'Musektechnologie eng ëmmer méi grouss Roll bei deem wat gelauschtert gëtt. Fir Musek déi opgeholl gouf ze lauschtere brauch ee speziell Apparater (Tounbandapparater, Plakkespiller, CD-Player, MP3-Player asw.) déi sech ëmmer méi un de Méiglechkeete vun der Computertechnologie orientéieren. Mat der Audio-CD koum d'Digitaliséierung vun der Musek, duerch d'MP3-Technologie goufen d'Musekdate kompriméiert wou verschidden Elementer aus der Musek erausgeholl kënne ginn déi fir d'Qualitéit manner wichteg erschéngen.
Mat den neien Technologie wéi zum Beispill d'DVD-Audio oder d'SACD (Super Audio CD) goufe Mono/Stereo a Méikanaltoun (am Allgemenge Fënnefkanal, "Surround") erweidert.
Literatur zum Theema
ännerenNoschlowierker
änneren- Friedrich Blume (Erausg.), MGG - Die Musik in Geschichte und Gegenwart: Allgemeine Enzyklopädie der Musik, dtv, ISBN 3-423-05913-3, Nodrock vun der 1949 Editioun a 17 Bänn
- Ludwig Finscher (Erausg.), MGG - Die Musik in Geschichte und Gegenwart: Allgemeine Enzyklopädie der Musik, begründet von Friedrich Blume. Zweite, völlig neu barbeitete Ausgabe, Bärenreiter / Metzler, 1994, 20 Bänn
- Stanley Sadie (Erausg.), The New Grove. Dictionary of Music and Musicians., 1999, Macmillan Publishers Ltd., 29 Bänn, iwwer 29.000 Artikelen
Grondlage vun der Musek
änneren- Hans Renner, Grundlagen der Musik - Musiklehre, 1953, ISBN 3-15-007774-5
- Leonard Bernstein, Musik - die offene Frage, ISBN 3-442-33052-1
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
änneren- Mutopia - Partitiounen
- MGG Online
Commons: Music – Biller, Videoen oder Audiodateien |