Dëse Wëssenschaftsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Zu den Humanwëssenschaften (englesch: Human science) zielen déi Wëssenschaftsgebitter, déi sech mat dem Mënsch als Fuerschungsobjet befaassen. De Begrëff dréit der Tendenz zum interdisziplinäre Schaffe Rechnung an hie relativéiert dat fréiert Ënnerscheeden tëscht Geeschteswëssenschaften, Sozialwëssenschaften an Naturwëssenschaften. An dësem Sënn gëtt hautdesdaags och heefeg de Begrëff Anthropologie als interdisziplinaritéitstheoreeteschen Iwwerbegrëff benotzt.

Zu den Humanwëssenschaften zielen: Psychologie an Erzéiungswëssenschaft, Soziologie a Sozialaarbecht, Anthropologie als Deelberäich vun der Philosophie, Humanbiologie, Humanmedizin, Pflegewëssenschaften, Humanethologie, Soziobiologie, Ethnologie, Politikwëssenschaft, Archeologie, Geschichtswëssenschaft a Wirtschaftswëssenschaft. Dozou zielen och nach Deelberäicher vu Geographie, Architektur, Rechtswëssenschaft, Informatik an Ingenieurwëssenschaften.