Schlass Uespelt

Schlass zu Uespelt
Dësen Artikel beschäftegt sech mat mam Schlass vun Uespelt, an der Gemeng Fréiseng. Fir dat vun Urspelt (Ischpelt) an der Gemeng Klierf, kuckt wgl. Schlass Ischpelt.

D'Schlass vun Uespelt zu Uespelt an der Gemeng Fréiseng ass eng barock Residenz, déi 1590 op der Plaz vun enger mëttelalterlecher Waasserbuerg aus dem 11. Joerhonnert gebaut gouf.

Schlass Uespelt
Typ Buerg,
Schlass
Land Lëtzebuerg
Gemeng Fréiseng
Plaz Uespelt
Adress 37, Péiter vun Uespelt-Strooss
Koordinaten 49° 31’ 28’’ N
      6° 13’ 22’’ E
Proprietär Fréiseng
Statut Klasséiert Monument
D'Schlass vun Uespelt (2015).

Geschicht änneren

Et ass méiglech, datt d'Buerg aus dem Mëttelalter hirersäits op réimesche Fëllementer gebaut gouf. Déi eelst erhale schrëftlech Quell, an där vun der Buerg rieds geet, ass vun 963[1]. Duerno gëtt d'Schlass am Theoderich vu Wied senger Chronik vun Iechternach aus dem Joer 1132 ernimmt. D'Fëllementer vun de ronne goteschen Tierm si warscheinlech aus dem 14. Joerhonnert. D'Aarbechten um Gebai, wéi et haut nach besteet, goufe 1590 vun de Famille Ruelle, Kempt a Burthé fäerdeggestallt.

1777 huet d'Famill de Martiny d'Schlass vergréisseren an nei barock Fënsteren abaue gelooss. 1957 gouf de Rez-de-chaussée vum Südwest-Tuerm restauréiert. D'Schlass ass zanter 1992 am Besëtz vun der Gemeng Fréiseng.

Zanter 2010 gouf et Pläng, fir d'Schlass ze restauréieren; deemools sinn haaptsächlech d'Diech vum Schlass an den Dependancen erneiert ginn[2].

(…)

Den CSV-LSAP-Gemengerot hat 2017 Pläng ausgeschafft, fir d'Schlass fir 11,4 Milliounen Euro ze renovéieren an nieft engem Versammlungsraum och d'Büroe vum Schäfferot dran z'amenagéieren. Den neie Gemengerot (Koalitioun Är Equipe-DP[3]) deen aus de Wale vun 2017 ervirgaangen ass, huet déi Pläng awer gestoppt, well e wollt, datt d'Gemengeverwaltung am Chef-lieu zu Fréiseng bleiwe sollt an de Site vum Schlass sech net fir administrativ Zwecker eegene géif. D'Schlass sollt fir kulturell Zwecker gebraucht kënne ginn[4].

  00 De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.


Nationaalt Monument änneren

D'Uespelter Schlass gouf den 2. Dezember 2011 op d'Lëscht vun de klasséierte Monumenter als nationaalt Monument opgeholl[5].

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Aspelter Schloss vor Renaissance. Luxemburger Wort - Deutsche Ausgabe (2019-01-28). Gekuckt de(n) 2021-10-19.
  2. "Das Schloss vor dem Verfall retten", Luxemburger Wort, 24 November 2010.
  3. Roger Beissel wird neuer Bürgermeister. Luxemburger Wort - Deutsche Ausgabe (2017-10-09). Gekuckt de(n) 2021-10-19.
  4. Der Bürgermeister, der nicht ins Schloss wollte. Luxemburger Wort - Deutsche Ausgabe (2017-11-15). Gekuckt de(n) 2021-10-19.
  5. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).