Eng Schifergrouf ass e Steebroch, an deem Schifer ofgebaut gëtt. E ka souwuel iwwer Dag wéi ënner Dag sinn.

Zu Lëtzebuerg gouf et Schifergrouwe am Éislek zu Roumecht, zu Aasselbuer, an zu Uewermaartel, an an der Belsch op der belsch-lëtzebuergescher Grenz zu Maarteleng.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Leekollen zu Lëtzebuerg.

Déi éischt Exploitatiounen am franséisch-belsch-lëtzebuergesche Raum wou Schiferformatioune sech tëscht Fumay a Maartel a bis op Aasselbuer erstrecken, gi bis an d'Réimerzäit zeréck.[1] Bis an d'17. Joerhonnert gouf de Schifer par analogie zur Kuel just op der Uewerfläch, do wou en ugestouss huet, ofgebaut. Et huet bis an d'19. Joerhonnert gedauert bis d'Schiferbänke méi intensiv exploitéiert goufen. Du si bal iwwerall do wou de Schiferofbau sech rentéiert huet, Gesellschaften entstanen déi mat vill Leit geschafft hunn. Fir eng Konzessioun ze kréie gouf dacks gestridden. D'Leeë goufe milliouneweis aus de Grouwe geholl a lokal souwéi an d'Friemt verkaaft. Déi liicht Exploitatioun iwwer dem Buedem ass awer séier op en Enn komm, sou datt huet missen an d'Déift gegruewe ginn, fir Qualitéitsschifer ze fannen. Uleeën, d'Ënnerhale vun de Galerien, d'Fërderen aus der Déift, souwéi dacks d'Evakuatioun vum Waasser mat Hëllef vu Pompelen, d'Opkomme vun de Soziallaaschten an d'Verschäerfung vun de Sécherheetsmoossnamen hunn d'Exploitatioun ëmmer méi deier gemaach, sou datt vill kleng Betriber net méi konnte mathalen an d'Dieren zougemaach hunn. Soss waren et Zesummebréch vu Galerien oder de Krich, déi fir déi Gesellschaften déi neelech um Bord vun der Rentabilitéit geschafft hunn, den Aus bedeit hunn. Verschiddener hunn et nach bis an 70er oder 80er Jore gepackt. Zu Uewermaartel gouf 1986 déi lescht Koll zougemaach, an der Belsch war et d'Grouf vu Warmifontaine déi 2002 als lescht zougemaach huet. Zu Herbeumont schafft nach eng Schifergrouf iwwerdag op industriellem Niveau, et ginn awer keng Daachleeën do erausgholl.

Exploitatioun ënner Dag änneren

Ënner dag hänkt d'Method vum Ofbau direkt mat der Schréit vun de Schifercouchen zesummen. Déi konnt an onse Géigenden tëscht 45 a 70 Grad vunn. An enger éischter Phas huet missen den Terrain ënner deem eng Schiferoder sollt exploitéiert ginn, fräigemaach ginn. Da gouf e Pëtz ugeluecht dee sech un der Schréit dem sougenannte Pendage vum Fiels orientéiert huet. Vum Pëtz aus goufen horizontal Galerien ugeluecht, déi de Pëtz mat de sougenannte Kummere verbonnen huet. Vun der ënneschter Galerie (Foussgalerie) gouf dann dem Fiels no op enger Fläch vun ongefeier 20×20 Meter no uewe gegruewen. Sou gouf eng Lo vun 1 Meter Déckt erausgegruewen. Bei där éischter Phas déi Crabotage genannt gouf, ass nëmme schlecht Material ugefall, dat huet missen no baussen evakuéiert ginn, oder wa scho fréier Säll do waren, da konnt et an deenen ënnerierdesch ofgelagert ginn. Eréischt wann déi Aarbecht fäerdeg war konnt mam eigentleche Schiferofbau ugefaange ginn.

Referenzen änneren

  1. Den H.-L. Debieuvre huet an der Märei zu Mons en Dokument vu 1551 fonnt an deem vun de der Confrèrie vun de Leekëpperten Notre-Dame de Divers Monts déi 466 gegrënnt gouf.