Warmifontaine (wallounesch: Wârmich) ass eng Uertschaft an der Gemeng Neufchâteau an der Provënz Lëtzebuerg.

Warmifontaine
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Lëtzebuerg
Arrondissement Neufchâteau
Gemeng Neufchâteau
Koordinaten 49° 49’ 52.06’’ N
      05° 23’ 25.88’’ O
Telefonszon 061
Postcode 6840

Bis zur Gemengefusioun vun 1977 huet Warmifontaine zu der fréierer Gemeng Grapfontaine gehéiert. Zu der Uertschaft gehéiren d'Lieu-dits Plane a Vanettes.

Warmifontaine ass besonnesch bekannt wéinst senge Leekollen, déi mat déi éischt an der Belsch waren an och déi lescht déi nach Daachleeë bis 2002 produzéiert hunn. Warmifontaine war senger Zäit déi gréisst Produktiounsplaz vun Daachleeën an der Belsch.