Schabloun:WDS 5. Februar B
- ... d'Laure ('Lory') Koster déi éischt Lëtzebuergerin war, déi op den Olympesche Spiller ugetrueden ass, nämlech als Schwëmmerin 1924 bei deene vu Paräis?
- ... den Tunnel vun Herstal ee vun de wéinegen Eisebunnstunnellen an der Belsch ass, duerch deen haut Autoe fueren?
- ... den Tornado vu Péiteng vun 2019 Wandspëtzte vun 241 km/h erreecht huet?
- ... den Numm "Tawioun", eng Strooss an der Stad Lëtzebuerg, op e Bouf vum Péiter Ernest vu Mansfeld zeréckgeet, deen Octavian housch, an no deem eng Paart genannt gi war?
- ... déi 35 Meter héich Dräifaltegkeetssail vun Olomouc am 18. Joerhonnert opgeriicht gouf, fir d'Enn vun enger Peschtepidemie ze éieren?