Schabloun:Op engem 6. Dezember
- 1500: Gebuert vum Nicolaus Mameranus, engem Krichsschreiwer vum Karel V..
- 1778: De franséische Physiker a Cheemiker Joseph Louis Gay-Lussac gëtt gebuer.
- 1792: De Wëllem II., Kinnek vun Holland a Groussherzog vu Lëtzebuerg, kënnt op d'Welt.
- 1917: Finnland deklaréiert sech onofhängeg vu Russland.
- 1921: Irland (mat Ausnam vun Nordirland) gëtt vu Groussbritannien onofhängeg.
- 1992: D'Schwäizer soen an engem Referendum zu 50,3 % "Neen" zum Bäitrëtt an den Europäesche Wirtschaftsraum.
- 2005: Doud vum lëtzebuergesche Vëlossportler Charly Gaul.
- 2012: De lëtzebuergesche Vëlossportler Bim Diederich stierft.