Vue op Esch 2006
Vue op Esch 2006

D'Stad Esch-Uelzecht ass eng vun den 100 Gemengen zu Lëtzebuerg a Chef-lieu vum Kanton mam selwechten Numm. Mat 36.625 Awunner (1. Januar 2023) ass Esch déi zweetgréisst Stad vum Land.

Esch läit nërdlech vun den Ausleefer vum Pays-Haut, dem Loutrenger Plateau, um Floss Uelzecht. Laang en einfacht Bauerendierfchen, huet Esch zënter den 1870er Joren, mat der Entdeckung vun der Minett, an der domat verbonnener Entwécklung vun de Minièren, der Eisen- a Stolindustrie, bannent e puer Joerzéngte seng Populatioun verzéngfacht. D'Strukturkris an deem Secteur, déi Mëtt der 1970er Joren ausgebrach ass, huet et mat sech bruecht, datt no an no all Minièren an e groussen Deel vun de Schmelzen zougemaach hunn.

Déi doduerch entstanen Industriebroochen, besonnesch déi vu Belval, sinn zum Deel am Gaang, nei bebaut ze ginn. Nei administrativ, kulturell (Rockhal, Kino) an edukativ (de Lycée Bel-Val, d'Uni Lëtzebuerg) Gebaier, mä och Wunnengen, Büroen a Geschäfter goufen do zanter 2004 gebaut ... > > > méi

Aner Artikele vun der Woch