E Planéiterank ass meeschtens e scheiwefërmege Rank dee ronderëm e Planéit läit. Hie besteet aus ville Milliarde Stëbspartikelen oder awer och aus Äisdeelercher, mat Gréisste vun engem Sandkär bis zu engem Wunnhaus. Dobäi kënnen Ausmooss, Zesummesetzung an Hellegkeet ganz verschidde sinn. Vill Réng ëm ee Planéit formen e konzentréiert Ranksystem.

Déi visuell däitlech Saturnréng.
Schema vun de Jupiterréng.
Uranusréng am Infrarout.
Neptunréng. Foto vum Voyager 2.

Entstoe vun engem Planéiterank

änneren

D'Genesis vun engem Planéiterank ass bis haut nach net vollstänneg opgekläert. Gewosst ass, dat e Rank entstoe kann, wann e klenge Mound dem Planéit ze no kënnt, sech also bannenzeg vun der Roche-Grenz ophält, an do duerch Gezäitekräfte vum Planéit ausernee gerappt an ëm de Planéit verdeelt gëtt. Eng weider Theorie am Zesummenhang mat der Roche-Grenz geet dovun aus, datt de Rank Iwwerreschter vun der Gasscheif sinn, aus deene sech de Planéit geformt huet - bannent der Roche-Grenz konnt sech awer de reschtleche Gas net zu engem Mound formen.

Eng aner Theorie beseet, datt e Planéiterank entsteet, wann de Planéit vun engem aneren Himmelskierper getraff gëtt oder zwéi kleng Kierper kollidéieren, sou datt si auserneebriechen a sech wéinst der héijer Planéiteschwéierkraaft net méi zesummesetzen, a sech da ronderëm de Planéit verdeelen.

Bekannt Planéiteréng

änneren

Am Sonnesystem huet jiddweree vun deene véier Gasplanéiten e Ranksystem. Hir Deelercher lafe prograd bannenzeg resp. ganz no bei der Equatorhéicht, ëm de Planéit, an ëmmer haaptsächlech bannenzeg vun der Roche-Grenz. Trotz Änlechkeeten ass d'Struktur vun de Réng an alle véier Fäll ganz ënnerschiddlech.

De bekanntste Planéiterank ass de Rank vum Saturn. Et ass deen ëmfangräichsten a besteet aus heller Matière. Hien ass mat normalen Amateurteleskopen ze gesinn an domat dacks den Undriff vun Amateuren, fir méi vun der Astronomie gewuer ze ginn. De Rank besteet aus ville sougenannten Haaptréng, déi nees aus ville klenge Réng bestinn. Dat schwächst Ranksystem huet de Jupiter. Et besteet aus donkeler Matière, an nach dobäi ganz schwaach, sodatt de Rank nëmmen duerch Raumsonden nogewise konnt ginn. Et gëtt ugeholl, datt dem Jupiter seng Réng vu winzege Mounde mat neier Matière versuergt ginn, wärend déi al Matière stänneg op de Jupiter erofrieselt. Den Uranus an de Neptun hu gläichfalls ganz donkel Réng.

Kuckt och

änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck

änneren
Commons: Planéiteréng – Biller, Videoen oder Audiodateien