D'Cassinesch Deelung ass déi gréisste fräi Plaz am Planéiterank vum Planéit Saturn. Bei roueger Loft kann een se scho mat gudden Amateurteleskopen vu 15 bis 20 cm Ëffnung a vun 150-facher Vergréisserung un erkennen.[1]

D'Réng vum Saturn. Tëscht dem helle B- an dem A-Rank läit d'Cassini-Deelung (NASA-Foto)

Si gëtt haaptsächlech vum Mound Mimas verursaacht, ass ronn 4800 km breet a spléckt déi zwéin opfalenst Saturnréng, den A-Rank an de B-Rank. Et gëtt ëmmer nees eidel Raim tëscht den eenzele Saturnréng, wouvun d'Cassinesch Deelung de gréissten ass. Wéinst Bunnstéierunge vun de Saturnmounden driften d'Partikelen aus dësem Beräich no bannen oder no baussen. D'Cassinesch Deelung ass awer kee ganz eidele Raum, mä se huet och vill däischtert Material, woufir si op Biller vu Raumsonden "eidel" respektiv "ouni Material" erschéngt.

D'Cassinesch Deelung ass nom franséischen Astronom Giovanni Domenico Cassini genannt, dee s'am Joer 1675 entdeckt huet. Schonn 1917 konnt bei enger rarer Stärebedeckung vum Planéit déi deelweis Transparenz vum A-Rank an déi bal ganz eidel Cassini-Lück festgestallt ginn.

Wéi ëm 1870 de Kirkwood-Fräiraum am System vun de Klengplanéiten erfuerscht gouf, konnten änlech Resonanzeffeter vu verschiddene Saturnmounden op d'Réng nogewise ginn. Et huet sech gewisen, datt eventuell Deelercher an der Cassini-Lück ongeféier déi hallef Ëmlafzäit vum Saturnmound Mimas – an domat onstabill Bunnen – hunn. Ganzzueleg Resonanze gëtt et och mat e puer Saturnmounden déi méi wäit ewech kreesen.

Méi genee Vermiessunge goufen dunn 1980/81 vun den zwou US-Raumsonden Voyager 1 a Voyager 2 gemaach. D'Voyager 2 hat an der eideler Plaz nach véier ganz dënn Deelerchersréng entdeckt. De Rand vun der Cassini-Deelung besteet aus zwéin däischtere Réng vu 500–800 km Breet, duerch där hire Kontrast d'Deelung an ierdeschen Teleskope ganz schaarf erschéngt.

D'Raumsond Cassini huet 2006 bei Fotoe wärend enger Sonnebedeckung vum Saturn (aus Siicht vun der Sond de 15. September 2006) een nach onbekannte Rank entdeckt.[2]

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Patrick Moore et al.: Atlas des Sonnensystems, Kapitel Saturnringe. Herder-Verlag, Freiburg-Basel-Wien 1985
  2. Sterne und Weltraum, 12/2006, S. 17