Séilenerbaach
Baach an der belscher Gemeng Miezeg
D'Séilenerbaach ass eng Baach an der belscher Gemeng Miezeg an der Provënz Lëtzebuerg.
Längt | 3,5 km |
---|---|
Hydrographesche Baseng | Meuse |
Originn | |
Originn | Quell |
Plaz | Séilen |
Héicht | 360 m |
Koordinaten |
49° 35’ 57.73’’ N 05° 51’ 00.22’’ O |
Konfluenz | |
Leeft an | d'Miezegerbaach |
Plaz | Miezeg |
Héicht | 280 m |
Koordinaten |
49° 35’ 12.02’’ N 05° 49’ 08.95’’ O |
Geographie | |
Land | Belsch |
Uertschaften | Séilen, Miezeg |
Se huet hir Quell an der Sektioun Séilen op der Holzstrooss net wäit vun der belsch-lëtzebuergescher Grenz ewech, eng ronn 200 Meter nërdlech vun der Gossemaark LB47 op enger Héicht vun 360 Meter. Vun do leeft se no Westen, duerch en Dall vu Bëscher a Wisen, bis op d'Héicht vun der Eisebunnsstreck Arel-Attem. Do béit se dann no Süden a leeft eng ronn 1.000 Meter praktesch de ganzen Zäit parallel mat der Bunn, fir um Enn vun der Rue du Dolberg ënner der Bunn erduerch an dann an d'Miezegerbaach ze lafen.
D'Baach ass ronn 3.500 Meter laang.
Chaînage
ännerenBaseng | Niewewebaseng | Direkt Nieweflëss | Rang 3 |
---|---|---|---|
Meuse | Kuer | Miezegerbaach | Séilenerbaach |