Séi Genesareth

(Virugeleet vu(n) Séi Genezareth)
Dëse Geographiesartikel iwwer Israel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Séi Genesareth läit am Jordan-Dall, am Norde vum Staat Israel. De Séi läit 212 m ënner dem Mieresspigel an ass domat den déifstgeleeëne Séi vun der Welt. Mä hien ass net ganz déif (46 m op der déifster Plaz). Hien ass – jee no sengem Waasserstand – bis zu 21 km laang, an op senger breetster Plaz, 12 km breet.

Kaart mat der Lag vum Séi Genesareth
Reschter vun der Alstad Tiberias um Séi Genesareth
De Séi Genesareth

Geographie

änneren

De wichtegste Floss, deen de Séi Genesareth speist, ass de Jordan, dee vun Norden an de Séi fléisst. Am Süde leeft de Jordan da weider a Richtung vum Doudege Mier. Op Plaze gëtt et warem Quellen, ënner anerem bei Tiberias. Duerch dës warem Quelle gouf de Séi schonn an der Antiquitéit fir Erhuelung opgesicht. Am Séi Genesareth si vill Fësch. De Péitrusfësch (fr. Saint Pierre) ass eng Delikatess déi een do an all Restaurant opgedëscht kritt. Direkt um Südwestufer läit déi gréisst Uertschaft, Tiberias. De Séi Genesareth ass sou bekannt, well de Jesus vun Nazaret do gewierkt huet an dréchenes Fouss iwwer d'Waasser gaangen ass. Vill Uertschaften um Séi an an der Noperschaft erënneren un d'Evenementer aus der Bibel.

Waasserreservoir vun Israel

änneren

De Séi Genesareth ass de gréisste Waasserreservoir an Israel. 1964 gouf de National Water Carrier gebaut. Dat ass ee vun de gréisste Verdeelungssystemer vun Drénkwaasser op der Welt. Eng Leitung vun 2,75 m Duerchmiesser leet d'Waasser an de Groussraum Tel Aviv a bis an d'Negev Wüst.

Kuckeswäertes

änneren

Um Séi an a senger Noperschaft gëtt et vill Uertschaften a Plazen, déi aus der Bibel bekannt sinn, wéi:

Kuckt och

änneren
  • Zephyrin Biever (1849-1915), Dominikanerpater aus dem Rollengergronn deen an der Géigend vum Séi Genezareth aktiv war

Um Spaweck

änneren
Commons: Séi Genesareth – Biller, Videoen oder Audiodateien

 
De Séi Genesareth