Rue du Fort-Olisy
(Virugeleet vu(n) Rue du Fort Olisy)
D'Rue du Fort Olisy[1] ass eng Strooss am Pafendall an der Stad Lëtzebuerg. Se verleeft vun der Hondhausbréck, do wou d'Rue Vauban an d'Allée Pierre de Mansfeld iwwergeet, laanscht d'Jugendherberg bis bei d'Eisebunnsbréck am Clausener Bierg; e Säitenaarm geet ënnerzeg vum Huelen Zant bis bei den Neie Wee.
Numm |
lb: Schluechtwee fr: Rue du Fort Olisy |
---|---|
Längt | ca. 580 m |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Uertschaft | Lëtzebuerg |
Quartier | Pafendall |
Postcode | 2261 |
Koordinaten |
49° 36’ 44.7’’ N 06° 08’ 15.5’’ O |
Genannt no | Fort Olizy |
D'Strooss dréit den Numm vum Fort Olizy, engem Deel vun der fréierer Festung Lëtzebuerg. De lëtzebuergeschen Numm Schluechtwee geet op dat fréiert Schluechthaus zeréck, dat 1876 um Uwänner vun der Uelzecht op goung, do wou haut d'Jugendherberg steet. D'Pafendaller Schluechthaus war bis 1902 a Betrib.
Biller
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Rue du Fort Olisy – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
änneren- ↑ An eelere Schreifweisen och als Olizy erëm ze fannen