Haaptmenü opmaachen


Den (253) Mathilde ass en Asteroid vun der Haaptasteroidenceinture mat engem mëttleren Duerchmiesser vu ronn 50 km. Am Juni 1997 ass d'Raumsond NEAR-Shoemaker op enger Distanz vun 2.400 km laanscht de Mathilde geflunn an hat Daten a Fotoen op d'Äerd geschéckt.

(253) Mathilde
(253) mathilde.jpg
Eegenschafte vum Orbit
Orbittyp Haaptceintureasteroid
Bezuchspositioun Equinoxe: J2000.0
Grouss Hallefachs 2.646 A.E.
Exzentrizitéit 0.2671
Sideresch Ëmlafzäit 4 Joer 111 Deeg
Mëttel Bunnvitess 18,0 km/s
Inklinatioun 6.74 Grad
Physikalesch Eegenschaften
Duerchmiesser 66 × 48 × 46 km
Mass 1,033 • 1017 kg
Mëttel Dicht 1,3 g/cm3
Rotatiounsperiod (17,406 ± 0,010) d
Albedo 0,04
Absolut Hellegkeet 10,2M
Spektralklass Cb (SMASS-Klassifikation)
Entdeckung
Entdecker Johann Palisa
Entdeckungsdatum 12. November 1885
Plaz Universitéitsobservatoire Wien
Aner Bezeechnungen 1949 OL1

D'Uewerfläch vum Mathilde ass däischter, méi schwaarz wéi Kuelen. Den Asteroid gehéiert zu der Spektralklass Cb an der SMASS-Klassifikatioun an däerft chemesch ähnlech opgebaut si wéi d'kueleg Chondritten, eng Grupp vu kuelestoffhaltege Steemeteoritten. De Mathilde ëmkreest d'Sonn op enger exzentrescher Bunn, déi bis an de baussenzege Beräich vun der Haaptasteroidenceinture reecht. E rotéiert nëmme ganz lues ëm seng eegen Achs an huet eng vun de längste Rotatiounsperiode vun de bekannten Asteroiden. D'Haaptkennzeeche vun der Mathilde-Uewerfläch ass e risegen Aschlagkrater vun 10 km Déift. D'Tatsaach, datt de Mathilde bei dësem Impaktereegnes net zerstéiert gouf, léisst dorop schléissen, datt den Asteroid kee kompakte Kierper ass, mä eng Usammlung vu Brochstécker (rubble pile), déi duerch déi schwaach Gravitatioun zesummegehale ginn. Dorop deit och déi kleng Dicht vun 1,3 g/cm3 hin, déi aus der Bunnoflenkung vun der Sond bestëmmt konnt ginn.

Et gëtt ugeholl, datt den (253) Mathilde no der Fra vum Astronom Maurice Loewy genannt gouf.

Ee vun de grousse Krateren um Asteroid (253) Mathilde

Kuckt ochÄnneren

Um SpaweckÄnneren