Rocherath mécht mat Krinkelt eng duebel Uertschaft Rocherath-Krinkelt déi am däitschsproochegen Oste vun der Belsch läit, no bei der Grenz mat Däitschland.

Rocherath-Krinkelt
D'Gehaanskierch vu Rocherath
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Däitsch Communautéit
Provënz Léck
Arrondissement Verviers
Gemeng Büllingen
Koordinaten 50° 26’ 12’’ N
      06° 19’ 02’’ O
Telefonszon 080
Postcode 4761

Rocherath (am Dialekt Róchert) läit an der Gemeng Büllingen (Provënz Léck), am belschen Deel vun der Äifel op ronn 650 m, a ronderëm leie vun Nordweste bis an den Osten iwwerall grouss Bëscher. Op der Säit vu Krinkelt (am Dialekt Krénkelt) leien d'Uertschafte Wirtzfeld, Mürringen a Büllingen, Höfen/Monschau an Hollerath/Hellenthal. Donieft läit och de Manöverterrain vun der NATO, d'Lager Elsenborn.

Zu Rocherath gëtt et zwéi Baachdäller, déi als Naturschutzgebidder klasséiert sinn; de Schwalmbachtal, och nach Perlenbachtal genannt, an den Olefdall. Am Fréijoer stinn do d'Wise voller Narzissen.

Verwaltungsméisseg gehéiert Rocherath zu:

Kierch änneren

Eng Kapell déi 1704 gebaut gouf, ass 1907 duerch méi eng grouss Kierch ersat ginn, déi am Zweete Weltkrich sou staark gelidden hat, datt eng nei huet missen opgeriicht ginn. Op hirer Plaz gouf 1953-54 déi haiteg neoromanesch Parkierch gebaut.

An der Kierch steet eng Stahlhut-Uergel vun 1969.

D'Kierch läit op enger Héicht vu 645 m an ass domat déi héchstgeleeë Kierch an der Belsch.

Literatur änneren

  • 1904 - Der fränkische Königshof Büllingen (Pfr. A. Ortmanns)
  • 1986 - The Battle of the Twin Villages (William C.C. Cavanagh)
  • 1990 - Altes Land an der Work. Der Königshof Büllingen im Rückspiegel der Zeit
  • 1993-1996 - Leben und Feiern auf dem Lande. Die Bräuche der belgischen Eifel, 3 Bände (C. Lejeune), v.a. Bd. 3: Auf dem Weg in die Moderne
  • Schicksalsgemeinschaft im Schatten des Dreiherrenwaldes. Einblicke in die Vergangenheit von Rocherath-Krinkelt, Büllingen 1993, 290 S. (vergraff)
  • In ständigem Aufbruch: Pfarre Rocherath-Krinkelt 1803-2003, Eupen 2003, 380 S.

Um Spaweck änneren

Commons: Rocherath – Biller, Videoen oder Audiodateien
Commons: Krinkelt – Biller, Videoen oder Audiodateien

Fotoen: