Robert Everling

lëtzebuergesche Lokalpolitiker

De Robert Everling, gebuer de 15. Juni 1949 zu Diddeleng, war de leschte Buergermeeschter vun der Gemeng Heischent.

Robert Everling
Gebuer 15. Juni 1949
Diddeleng
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Enseignant

Bei de Gemengewale vum 10. Oktober 1981 ass de Robert Everling fir d'éischt an den Heischter Gemengerot gewielt ginn.

No 24 Joer als Gemengeconseiller gouf hien no de Gemengewale vum 9. Oktober 2005 Schäffen.

Als Nofollger vum Marco Schank gouf hien de 7. Juli 2009 am Inneministère als leschte Buergermeeschter vun der Gemeng Heischent vereedegt. No der Fusioun vun de Gemengen Esch-Sauer, Heischent an Néngsen a mat der Vereedegung vum Gilles Kinzelé als Buergermeeschter vun der Fusiounsgemeng Esch-Sauer goung dem Robert Everling säi Mandat op een Enn.

De Robert Everling ass pensionéierte Schoulmeeschter a wunnt zu Eschduerf.

Hien ass bestuet mat der Anne Theis a Papp vum engem Jong.

Um Spaweck änneren