Robert-Schuman-Gebai

Gebai vum Europäesche Parlment um Kierchbierg

D'Robert-Schuman-Gebai ass e Gebai op der Place de l'Europe um Kierchbierg, an der Stad Lëtzebuerg, dat tëscht 1970 an 1973 no de Pläng vum Architekt Laurent Schmit gebaut gouf. Säin Numm erënnert un de Robert Schuman. Et gehéiert dem Lëtzebuerger Staat.

Robert-Schuman-Gebai
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Plaz Kierchbierg
Koordinaten 49°37'4,987"N, 6°8'28,633"O
Proprietär Europäescht Parlament
Genannt no Robert Schuman
De Versammlungssall, 1973.

D'Gebai war geplangt, fir doran d'Servicer vum Europäesche Parlament ënnerzebréngen, an deem e Versammlungssall ze ginn. Scho wärend dem Plangen an dem Bau hu missen Upassunge gemaach ginn, well duerch de Bäitrëtt vun 3 Länner d'Zuel vun de Deputéierte vun 142 op 208 eropgoung, an d'Zuel vun de Mataarbechter vun 1000 op 1200.[1]

De Versammlungssall gouf vum Bannenarchitekt René Simonis entworf, den italieeneschen Artistegrupp NP2 (Nerone Ceccarelli an Giancarlo Patuzzi) huet e monumentale Bas-Relief mat geomeetresche Figuren aus Zénk bäigedroen. D'Parlament koum tëscht 1973 an 1979 35 Mol dran zesummen. Bei de Wale vun 1979 huet sech d'Zuel vun den Deputéierten op 410 quasi verduebelt, sou dass de Sall ewell definitiv ze kleng war. E gouf dono nach déi eng oder aner Kéier fir aner Versammlungen oder Kongresser benotzt, ass awer schonn zanter méi laang an enger Zort Dornréischeschlof.

D'Servicer vum Parlament si weider dra bliwwen (en Deel waren och am Alcide-De-Gasperi-Gebai niewendrun; wéi dëst renovéiert gouf, goufen s'an d'Tierm A a B vun der Porte de l'Europe eriwwer geplënnert). Zanter 2022 ass dat neit Gebai vum Sekretariat vum Europaparlament, d'Konrad-Adenauer Gebai (2) an der Avenue Kennedy fäerdeg; sou datt d'Schuman-Gebai ewell eidel ass.

2003 gouf et Pläng, d'Schuman-Gebai als neit Gebai fir d'Nationalbibliothéik ëmzebauen; déi koum awer schlussendlech an en Neibau op de Bricherhaff.

Zanter op d'mannst 2019 lafen Iwwerleeungen, wat mam Schuman-Gebai ze maache wier. Déi meescht Optioune gesi vir, et ofzerappen, an an d'Plaz eent oder méi nei Gebaier ze bauen, sief et als Extensioun vun den Instututioune ronderëm (Mudam, Philharmonie), sief et soss eppes, wat sech an d'Place de l'Europe integréiere kéint.[2]

Literatur

änneren
  • Francesca Davanzo: "Le premier hémicycle du Parlement européen - Bâtiment Schuman, Luxembourg. Luxembourg: Service de recherche du Parlement européen, mars 2016.

Um Spaweck

änneren

Referenzen

änneren
  1. Quell wou net anescht uginn: Josée Hansen: "Adieu Schuman." d'Lëtzebuerger Land 15.12.2017, Nr. 50, S.3 (och op land.lu).
  2. Le bâtiment Schuman se cherche encore un avenir. Luxemburger Wort - Virgule (03.09.2021). Gekuckt de(n) 29.05.2023.