Place de l'Europe (Stad Lëtzebuerg)

D'Place de l'Europe ass eng Plaz um Kierchbierg an der Stad Lëtzebuerg. Se grenzt am Norde un d'Avenue John-F.-Kennedy, am Weste mécht den Tunnel (desserte Schuman) d'Limite, Vum südwestleche Wupp (bei der Rue du Fort-Thungen) leeft se da laanscht d'Alcide-De-Gasperi-Gebai mam European Convention Centre, bis op den nërdleche Punkt vun der Rue Galileo Galilei. Si ass fir de motoriséierte Verkéier gespaart.

Place de l'Europe
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Lëtzebuerg
Quartier Kierchbierg
Koordinaten 49° 37’ 05.99’’ N
      06° 08’ 37.86’’ O
Genannt no Europa

Gebaier änneren

Geschicht änneren

Den Numm krut d'Plaz, well se, wéi s'ugeluecht gouf[Wéini ?], virum sougenannten "Héichhaus" um Kierchbierg loung, an deem europäesch Institutiounen hir Büroen haten.

Biller änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Place de l'Europe (Stad Lëtzebuerg) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren