Bricherhaff (Stad Lëtzebuerg)
Lieu-dit an der Stad Lëtzebuerg
Bricherhaff ass e fréieren Bauerenhaff an e Lieu-dit um Weimeschhaff an der Stad Lëtzebuerg.
Bricherhaff | |
---|---|
![]() | |
Aussprooch | |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Lëtzebuerg |
Gemeng |
![]() |
Buergermeeschter | Lydie Polfer (DP) |
Koordinaten |
49° 37’ 40.2’’ N 06° 09’ 49.2’’ O |
GeographieÄnneren
Den Domaine vum fréiere Bricherhaff, en Terrain vun ongeféier 1,17 Hektar, läit tëscht der Rue des Muguets an dem Huesegrëndchen. Um südleche Bord laanscht den Terrain, verbënnt d'Bricher Gässel déi zwou Stroosse mateneen.
GeschichtÄnneren
De fréieren Haff ass haut d'Residenz vum hollänneschen Ambassadeur zu Lëtzebuerg.
E prominente Bewunner vum Bricherhaff war vun 1953 bis 1955 de Jean Monnet, sengerzäit den éischte President vun der „Héijer Autoritéit“ (Haute Autorité de la Communauté européenne du charbon et de l'acier). 1986 gouf eng Gendenkplack bei der Agankspaart ubruecht[1].
BillerÄnneren
Kuckt ochÄnneren
Um SpaweckÄnneren
Commons: Bricherhaff (Stad Lëtzebuerg) – Biller, Videoen oder Audiodateien |