De Ritter ass en Aschlagkrater no beim südwestleche Rand vum Mare Tranquillitatis um Äerdmound. Hie bilt mam Krater Sabine dee süddëstlech vun him läit, eng Kraterkoppel. D'Ränner vu béide Kratere ginn nëmmen duerch en enken Dall vun e puer Kilometer Breet getrennt. De Ritter ass bal kreesfërmeg, huet awer en onreegelméissege baussenzege Rand. D'Begrenzungswänn am Zentrum sinn a Richtung Kraterbuedem ofgerutscht. Am Kraterzentrum sinn en ettlech niddreg Hiwwelketten.

Ritter (Moundkrater)
D'Kratere Sabine (Mëtt riets) a Ritter (riets), opgeholl vun Apollo 11 (NASA)
Eegenschaften
Breet 1,93° N
Längt 19,17° O
Duerchmiesser 29,528 km
Déift 1,3 km
Selenographesch Längt 341 ° bei Sonnenopgank
Genannt nom Carl Ritter
August Ritter
Krut säin Numm am Joer 1935
Kraterfoto an Ëmgéigend [1]

Am Nordweste läit de Krater Dionysius an nord-nordëstlech kann een d'Krateren Arago a Manners erkennen.

Nordwestlech vum Krater Ritter läit e System vu parallele Rillen déi no Nordweste lafen an déi nom Krater als Rimae Ritter bezeechent ginn.

Numm änneren

De Krater gouf no dëse Persoune genannt:

Niewekrateren änneren

Ritter Breetegrad Längtegrad Duerchmiesser
B 3,23° N 18,92° O 14,2 km
C 2,72° N 18,85° O 13,31 km
D 3,64° N 18,74° O 6,58 km

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren