Als politeschen Zentrum, politesch Mëtt oder Zentrismus versteet een de Standpunkt am politesche Spektrum, deen ideologesch tëscht "lénks" a "riets" läit. E setzt eng gewëssen Toleranz an e Wëllen zu engem bestëmmte sozialpolitesche Gläichgewiicht viraus: d'Gesellschaft soll weeder ze wäit an déi eng Richtung (Kapitalismus), nach an déi aner Richtung (Kommunismus) tendéieren.

Wou genee déi "Mëtt" ass, a water konkreet Positioune se charakteriséieren, ass awer net kloer definéiert. A Frankräich zum Beispill gëllt de Mouvement démocrate (MoDem) als Partei aus dem politeschen Zentrum, tëscht dem Rassemblement national (extreem riets) a Les Républicains (riets bis Mëtt-riets) op där enger Säit, an dem Parti socialiste (Mëtt-lénks bis lénks) an dem Parti communiste français (extreem lénks) op där anerer Säit.