Am politesche Spektrum vu Lénks, Zentrum a Riets charakteriséiert sech eng lénks Politik duerch d'Verdeedegung vun enger méi grousser sozialer Gläichheet. Am Allgemenge steet am Zentrum vun der lénkser Politik d'Suerg ëm déi Bierger, déi anere géigeniwwer als defavoriséiert ugesi ginn, an d'Opfaassung, datt et net-justifiéiert Ongläichheete gëtt, déi reduzéiert oder ofgeschaaft musse ginn.

Hautdesdaags gëtt ënner enger lénkser politescher Positioun meeschtens eng Haltung verstanen, déi sech ideologesch vu méi oder wéineger sozialistesch markéierte Grondsätz ofleet.

D'Begrëffer "Lénks" a "Riets" si wärend der franséischer Revolutioun (1789-1799) entstanen. Si leede sech vun der Sëtzuerdnung vun den deemolege Volleksvertrieder am franséische Parlament of: op der lénkser Säit vum Parlamentspresident souzen déi Leit, déi fir d'Republik waren, an op der rietser Säit souzen déi, déi fir d'Monarchie an den Ancien Régime waren.

Zënterhier gouf de Begrëff "lénks" fir eng Rei Beweegunge benotzt, dorënner de Republikanismus a Frankräich am 18. Joerhonnert, an de Sozialismus (dorënner och den Anarchismus, de Kommunismus, d'Aarbechterbeweegung, de Marxismus, d'Sozialdemokratie an de Syndikalismus am 19. an 20. Joerhonnert), so wéi och fir Sozialbeweegunge wéi d'Biergerrechtsbeweegung an den USA, de Feminismus, d'LGBT-Beweegung, d'Beweegung fir d'Recht op Ofdreiwung, Krichsgéigner, a Beweegunge fir den Ëmweltschutz.