Richard Salisbury Ellis

De Richard Salisbury Ellis, gebuer de 25. Mee 1950 zu Colwyn Bay a Wales, ass e britteschen Astronom. Hien ass Professer um Caltech.

Richard Salisbury Ellis
Gebuer 25. Mee 1950
Colwyn Bay
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Educatioun University College London,
University of Oxford
Aktivitéit Astronom, Astrophysiker, Universitéitsprofesser
Member vun Royal Society, International Astronomesch Unioun

Den Ellis huet um University College London an um Wolfson College vun der Universitéit Oxford Astronomie studéiert an huet am Joer 1974 promovéiert. Duerno war hien op der Universitéit vun Durham an um Royal Greenwich Observatory. 1985 gouf hie Professer zu Durham an 1993 Plumian Professor fir Astronomie op der Universitéit vu Cambridge a Fellow vum Magdalene College. Vun 1994 bis 1999 war hien do Direkter vum Astronomeschen Institut. 1999 goung hie bei de Caltech. Vun 2000 bis 2005 war hien do Direkter vum Palomar-Observatoire.

Den Ellis ass en Observatiounsastronom, dee sech besonnesch mat der Evolutioun vu fréie Galaxien a grousse Strukturen am Kosmos befaasst. Hie war Member vum Supernova Cosmology Project, dat d'Acceleratioun vum Universum festgestallt huet, woufir hire Leeder, de Saul Perlmutter am Joer 2011 de Nobelpräis krut. Enn vun den 1990er Jore war den Ellis un der Morphs Collaboration bedeelegt (ënner anerem mam Alan Dressler), déi d'Entwécklung vu verschiddene Forme vu Galaxien ënnersicht huet. Weider huet hie fréier Stären a Galaxien erfuerscht, ënner anerem mat Gravitatiounslënseneffekter a mam Hubble-Weltraumteleskop souwéi am Keck-Observatoire.

Hien huet och eng wichteg Roll bei der Virbereedung fir de geplangte Thirty Meter Telescope gespillt.

1995 gouf hie Fellow vun der Royal Society, där hir Bakerian Lecture hien am Joer 1998 gehalen huet (The morphological evolution of the galaxies). 2008 gouf den Ellis CBE an am Joer 2011 krut hien d'Goldmedail vun der Royal Astronomical Society.

Um Spaweck änneren

{{Autoritéitskontrol{}}