Philippe de la Neuveforge

De Philippe de la Neuveforge (de la Neuforge), gebuer den 8. Mee 1621 an der Stad Lëtzebuerg,[1] gestuerwen den 10. September 1684[2] zu Iechternach, war e lëtzebuergesche Benediktinerpater an Abt.

Philippe de la Neuveforge
Gebuer 8. Mee 1621
Gestuerwen 10. September 1684
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Geeschtlechen

Hien ass 1641 an d'Iechternacher Benediktinerklouschter agetrueden an dat Joer drop zur Profess zougelooss ginn. 1649 gouf hien zum Priister geweit. Vu 1658 u war hie Prior a 1667 gouf hien Abt.

De 4. Mee 1676 huet den Abt de la Neuveforge de Bierger vun Iechternach e suppegen Terrain an der "Lütschen" genannter Gewan ofkaaft an do de Grondsteen zu engem Gebai geluecht, dat als "Lëschenhaus" sollt bekannt ginn.[3] Op dem Ernzerbierg, déi Säit der Sauer, huet hien eng Liborius-Kapell erbaue gelooss, déi 1680[4] konsekréiert gouf.

De Philipe de la Neuveforge, deen 1672 "haut justicier" vun der Stad Iechternach gi war, huet 1680 fënnef Fraen als Hexe verbrenne gelooss.[5]

Literatur änneren

  • Bourguignon, M., 1971. Une famille luxembourgeoise: Les Neuveforge. In: Cahiers de l'Académie luxembourgeoise. Nouvelle série. Arlon. N° 5, S. 52-58.
  • Brimmeyr, J.P., 1923. Geschichte der Stadt und der Abtei Echternach. Bd. 2. Zweite Hälfte des zweiten Teiles, begreifend den Zeitraum 1298-1797. Als Manuscript herausgegeben von Dr. Rudolph Brimmeyr und Dr. Heinrich Schintgen, Luxemburg, Impr. Centrale, G. Soupert, 1923, 259 S. (Philippe de la Neuforge, S. 85-88).
  • Neyen, A., 1861. Biographie Luxembourgeoise. Histoire des hommes distingués originaires de ce pays considéré à l'époque de sa plus grande étendue ou qui se sont rendus remarquables pendant le séjour qu'ils y ont fait. Tome 2. Luxembourg, P. Bruck, 340+152+ 24 p. (Philippe de Neuforge, S. 13-14).
  • Sprunck, A., 1954. Philippe de la Neuveforge: Abbé d'Echternach, 1621-1684, d'après le chroniqueur Philippe Becker. Biographie Nationale du Pays de Luxembourg, fasc. VI, S. 300-316. [1]

Referenzen änneren

  1. Sprunck 1954, S. 301.
  2. Neyen 1861 an Eringer 2009 (Ephemeriden des Placidus Eringer. Übersetzung und Kommentar von Pol Schiltz und Pierre Kauthen. Luxembourg, Archives nationales, S. 16). Beim Spedener steet fälschlecherweis den 10. Mee 1684 als Doudesdag (Die im Luxemburger Lande lebten und webten. Grevenmacher 1937, S. 66).
  3. Sprunck 1954, S. 303.
  4. R.M. Staud & J. Reuter schreiwen: den 23. Juni 1680 (Die kirchlichen Kunstdenkmäler der Stadt Echternach. Luxemburg 1952. S. 51); de Brimmeyr 1923, S. 88, gëtt den 23. Juli 1680 un.
  5. Frère Oswald Keess: La retraite honorable et religieuse; trad. et commenté par Pierre Kauthen et Pol Schiltz. Archives nationales (éd.), Howald, Graphic Press, Luxembourg 2008, S. 41s.