De Riccioli ass en 150 km grousse Rankbierg um westleche Rand vun der viischter Moundsäit. E grenzt un dat grousst Grimaldi-Aschlagsbecken an ass, wéi deen, deelweis vun däischterer, basaltescher Lava bedeckt.

Moundkrater Riccioli
D'Moundkratere Riccioli a Grimaldi (LROC-WAC)
Eegenschaften
Breet -2,9° S
Längt -74,37° W
Duerchmiesser 155,66 km
Déift 2,3 km
Selenographesch Längt 75° bei Sonnenopgank
Genannt nom Giovanni Riccioli
(1598–1671)
Genannt am Joer 1935

De Kraterbuedem ass net glat, mä staark gegliddert. Am Südoste leien dräi parallel Rillen, d'Rimae Riccioli.

De Riccioli mécht mat de bal d'selwecht grousse Kratere Grimaldi an Hevelius e gläichsäitegen Dräieck um Rand vum Oceanus Procellarum.

De Krater ass nom italieenesche Jesuitt an Astronom Giovanni Riccioli genannt.

Lëscht vun den Niewekrateren
Buschtaf/Numm Positioun Duerchmiesser Link
C 0,58° N, 73,18° W7 30 km [1]
CA 0,63° N, 73,13° W7 14 km [2]
F 8,73° S, 73,86° W7 30 km [3]
G 1,27° S, 71,11° W7 15 km [4]
H 1,13° N, 75,01° W7 18 km [5]
K 2,3° S, 77,56° W7 41 km [6]
U 5,8° S, 72,92° W7 8 km [7]
Y 3,05° S, 73,32° W7 7 km [8]

Literatur änneren

  • Antonín Rükl: Mond, Mars, Venus. Taschenatlas der erdnächsten Himmelskörper. Artaria-Verlag, Prag 1977

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren