René Hemmer (Museker)

lëtzebuergesche Museker a Komponist

De René Hemmer, gebuer de 27. Dezember 1919 zu Rodange a gestuerwen den 9. September 2019 zu Zéisseng, war e lëtzebuergesche Museker a Komponist.

René Hemmer
Gebuer 27. Dezember 1919
Rodange
Gestuerwen 9. September 2019
Zéisseng
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Komponist, Dirigent, Trompettist, Cellist

Liewen änneren

Als Bouf huet hie geléiert Trompett spillen an ass mat 15 Joer an de Stater Conservatoire gaangen, mam Zil, fir Trompettist am Musekskorps vun der Fräiwëllegekompanie ze ginn. Hie koum dunn och an dee Korps, kuerz ier Lëtzebuerg den 10. Mee 1940 vun der Wehrmacht besat gouf.

An den éischte Méint no der Besetzung gouf et dunn nach just een Optrëtt vum Musekskorps, an am Dezember 1940 ass de René Hemmer du mat senge 45 Musekskomeroden an deenen anere Fräiwellegekompanisten, am Ganze 465 Mann, op Weimar bruecht gi fir do umgeschult ze ginn. No där Umschulung koumen 100 Mann, dorënner d'Musikanten, zeréck op Lëtzebuerg, an de Réne Hemmer huet du wéi seng Kolleegen an däitscher Uniform am Musikkorps der Schutzpolizei, wéi hir Trupp du genannt gouf, musizéiert. Den 3. Juli 1944 gouf hien zu Tréier wärend enger Opféierung vun der Gestapo verhaft, well hie sollt Informatioune vun däitsche Stellunge gesammelt hunn. Obscho keng Beweiser géint hie virlouchen, koum hien an de Prisong an de Gronn, wou deemools Resistenzler an Deserteuren agespaart waren. Den 1. September 1944, wéi d'Alliéiert virun der Dier stoungen, sinn eng Partie Prisonéier entlooss ginn, dorënner de René Hemmer.

1948 huet den Hemmer säin éischt Stéck komponéiert, dat en doropshin drécken a verkafe wollt, mä ouni Erfolleg. Hien huet duerno d'Harmonie Rodange geleet, war Enseignant an der Péitenger Museksschoul a gouf éischte Clairon an der Militärmusek. An de Joren duerno sinn 21 Märsch, 17 Orchesterstécker an och 17 Kammermusekwierker entstanen.

Den Hemmer hat seng gréisst Erfolleger an den 1960er a 70er Joren, an eng Rëtsch vu senge Stécker gouf vum RTL Symphonieorchester opgeholl an am Radio gesent. Hien huet awer ni en Editeur fonnt, dee seng Wierker publizéiert huet - deels well him virgeworf gouf, seng Musek wär ze schwéier ze spillen.

1974 war hie Matgrënner vum Orchestre de chambre du Luxembourg.

Wierker änneren

  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Literatur änneren

  • Elisabet Wirtz-Lemmel, „Tagebuch eines vergesseneen Komponisten”, Die Warte, S. 4, Luxemburger Wort, 22.10.2020
  • M. (1939). René Hemmer. Revue Musicale, Revue musicale. - Luxembourg Jg. 7(1939), Nr. 8, p. 63.
  • René Hemmer (* 1919). (1984). Télécran, Télécran. - Luxembourg Jg. 6(1984), Nr. 35, p. 14-17, ill.

CD änneren

  • Hemmer, R., Froment, Louis de, Cao, Pierre, Wengler, Marcel, Mertzig, René, De Ridder, Jean, . . . Orchestre symphonique de R.T.L. (1998). Portrait René Hemmer. Luxembourg: Éd. LGNM.
  • Kruger, J., Wagner, Guy, Wengler, Marcel, Hoffmann, Norbert, Mertzig, René, Hemmer, René, . . . Lëtzebuerger Gesellschaft fir Nei Musek. (1987). Suite picturale . Rapsodie chorégraphique . Trois élégies . Symphonie no 2. Luxembourg: Éd. LGNM.
  • Hemmer, R., Foehr, Henri, Cao, Pierre, Ethos String Quartet, Orchestre symphonique de R.T.L., & Les musiciens. (2004). Portrait René Hemmer. Luxembourg: Ed. LGNM.

Gielchen änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. Des personnalités de la vie culturelle et artistique à l’honneur - Remise de décorations à la Bibliothèque nationale am Luxemburger Wort vum 25. Juni 1976 op der Säit 10 op eluxemburgensia.lu
  • Quell vum Artikel, wann net anescht notéiert: „Tagebuch eines vergesseneen Komponisten”, an der Literatur.