Orchestre de chambre du Luxembourg

lëtzebuergesche Kammerorchester

Den Orchestre de chambre du Luxembourg ass e lëtzebuergesche klassesche Kammerorchester, an deem ronn 40 Beruffsmuseker spillen. Gegrënnt gouf den Orchester am Joer 1974 vun enger Grupp vu Lëtzebuerger Museksstudenten. Well s'all ganz jonk waren, hu se sech deemools Ensemble Les jeunes musiciens genannt (méi spéit just nach Les musiciens). Si hunn uechter d'Land an iwwer d'Grenzen ewech gespillt, hu vill Chorale begleet an hu sech lues a lues vergréissert. Vun 1985 bis 2000 huet de Pierre Cao den Orchester dirigéiert. Am Joer 2002 huet säin Élève, den Nicolas Brochot, d'Direktioun iwwerholl.

Den Orchester huet munnech Tourneeën an d'Ausland ënnerholl, z. B. an Éisträich, Holland, Italien, Polen, Rumänien, Russland, Tschechien an Ungarn. En hat d'Geleeënheet, mat ville berüümte Solisten ze spillen: Igor Ozim, Jaap Schroeder, Gérard Caussé, Kim Kashkashian, Maria Kliegel, Ivan Monighetti, Boris Pergamenschikow, Daniil Schafran, Elena Prokina, Elisabeth Leonskaya. Den Orchester invitéiert reegelméisseg déi bescht jonk Lëtzebuerger Solisten, besonnesch a sengem eegenen Zyklus "Jeunes solistes luxembourgeois". Zanter 1982 organiséieren d'"Musiciens" hire bekannten Zyklus "Connaissance", dee mëttlerweil schonn 130 Manifestatiounen opweist. Dës originell Formel, déi souwuel Geschicht wéi Architektur a Musek begräift, ass ganz beléift ginn, sou datt all Kéier e puer Honnert Lëtzebuerger a Busse mam Orchester reesen. De 4. Volet, "Historesch Plazen ronderëm de Grand-Duché", geet vu Bruges bis Köln a Mainz, vu Maastricht bis Colmar.

Hir Zyklen an der Philharmonie kreesen ëmmer ëm eng prezis Thematik, wouduerch hir Programmatioun eng besonnesch Koherenz an Originalitéit kritt. Hir 12 Concerten, déi s'am Kader vum Kulturjoer 2007 gespillt hunn, hunn nëmme Wierker vu Komponisten aus der Groussregioun bruecht. Sou koum et an dëse Concerten zu ville Premièren, Decouverten a Redecouverten. Als grousse Projet wëll den Orchester sämtlech Sinfonië vum Haydn opféieren. Net ze vergiessen, datt den Orchester scho munnech nei Lëtzebuerger Wierker bestallt an uropgefouert huet, sou z. B. vum Walter Civitareale, Jeannot Heinen, Camille Kerger, Claude Lenners, Georges Lentz, Alexander Mullenbach an aneren.

2004 gouf Les Musiciens offiziell an Orchestre de chambre du Luxembourg ëmgenannt. Si hu schonn e puermol de Grand-Duc bei Staatsvisiten an d'Ausland begleet.

Mat senge wäit iwwer 650 Concerten huet den Orchester an de leschte Joerzéngten déi national a regional Museklandschaft e gutt Stéck méi räich gemaach.

Um Spaweck änneren