De Rattem, op topographesche Kaarten och als Ratten ze fannen, ass eng ofgeflaacht Kopp (388,2 m héich), am Agank vun Uewerkuer, an der Gemeng Déifferdeng, wann ee vu Bieles kënnt. Op senger Spëtz stinn Antenne vun der Coditel an den Déifferdenger Waasserbaseng.

De Rattem aus der Siicht vum Bielesser Gaalgebierg

Ongeféier an der Hallschent vum Bierg läit de fréiere Waasserbaseng den als Kulturzentrum ëmgebaut gouf an als Espace H2O am Joer 2007 seng Dieren opgemaach huet.

Op de Bierg kënnt een iwwer d'rue Rattem.

Bedeitung vum Numm änneren

Den Numm Rattem leet sech vum keltesche Rhadan of, wat sou vill bedeit wéi "klenge Bierg".

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren