Dësen Ekonomiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Coditel, Ofkierzung fir Compagnie générale pour la diffusion de la télévision, ass e belschen Opérateur vu Gemeinschaftsantennen deen och zu Lëtzebuerg aktiv ass. D'Coditel ass zanter 2005 en Deel vun engem franséische Grupp a gebraucht zanter Enn 2007 d'Mark "Coditel Numericable".

Grënnung an Aktionariat änneren

Déi lëtzebuergesch Coditel gouf de 15. Juli 1971 ënner der Form un enger Société anonyme gegrënnt.

D'Mammegesellschaft Coditel vu Bréissel war majoritair eng Filial vum belschen Ingénieursgrupp Société de Traction et Electricité (Tractionel), deen zur Société générale de Belgique gehéiert huet. Aus Tractionel gouf 1986 duerch d'Fusioun mat Electrobel den Energiegrupp Tractebel. Am Joer 2003 gouf déi belsch Tractebel mam franséische Grupp Suez fusionéiert.

Den 19. September 2003 hu Suez (80 %) an de minoritären Aktionär Ackermans & Van Haaren (20 %) de Grupp Coditel (180 000 Clienten zu Bréissel a Lëtzebuerg) un déi dat Joer virdru gegrënnten Investmentgesellschaft Altice One verkaaft, déi virdrun och am Elsass de Kabelreseau vun Est Vidéocommunications (160 000 Clienten) kaaft hat.

Altice One huet sech an de Joren duerno mat anere Finanzinvestisseuren, déi och a Frankräich an de Kabel investéiert haten, zesummegedoen. Sou ass den Holding Ypso entstanen an deem Enn 2007 Altice One 30 % gehalen huet, de britteschen Private-Equity-Fong Cinven 35 % an den amerikanesche Private-Equity-Fong Carlyle och 35 %.

Ënner dem Daach vun der Ypso Holding gouf, nieft der Coditel an Est Vidéo, déi fréier Reseaue vu France Télécom Câble, NC Numericable, TDF Câble, UPC an Noos a Frankräich gruppéiert. All dës Reseauen hunn zanter dem Summer 2007 déi gemeinsam Mark "Numericable".

Zu Lëtzebuerg trett d'Coditel ënner de Bezeechnung Coditel (Numericable) op.

Am Juli 2011, goufen d'Aktivitéite vun Numericable an der Belsch an zu Lëtzebuerg vun de Gesellschaften Altice (40 %), Apax (40 %) an Deficom (20 %) iwwerholl.[1] Am Mäerz 2013 huet Apax ugekënnegt bis November 2013 seng Parten un Altice ze verkafen.[2]

Presenz zu Lëtzebuerg änneren

Coditel bedreift verschidde Kabelreseauen zu Lëtzebuerg. Bei deenen engen ass d'Coditel Proprietär, wéi a verschidden Deeler vun der Stad Lëtzebuerg, bei aneren exploitéiert d'Coditel Reseauen déi aneren, zum Beispill de Gemengen, gehéieren.

Referenzen änneren

  1. Apax Partners, communiqué de presse "Un consortium associant APAX PARTNERS, DEFICOM et ALTICE reprend les activités de NUMERICABLE en Belgique et au Luxembourg pour en accélérer le développement" 1. Juli 2011(http://www.apax.fr/index.php?option=com_actusnews&Itemid=77&lang=fr&actpage=ok&LANG=FR&langue=FR&ID=ACTUS-0-24324&CLIENT=ACTUS-0-150)
  2. Apax Partners, communiqué de presse "Apax Partners cède sa participation de 40 % dans deux câblo-opérateurs" 11. Mäerz 2013(http://www.apax.fr/index.php?option=com_actusnews&Itemid=77&lang=fr&actpage=ok&LANG=FR&langue=FR&ID=ACTUS-0-31210&CLIENT=ACTUS-0-150)

Um Spaweck änneren