D'Ranger 8 war eng Raumsond vun der US-amerikanescher Raumfaartagentur NASA. Si war déi aacht Sond am Kader vum Ranger-Programms fir d'Erfuerschung vum Äerdmound. Si war wéi d'Ranger 6 an d'Ranger 7 am Block-III-Design gebaut ginn. D'Gewiicht vun der Sond war 367 Kilogramm. Wéi déi fréier Missioune sollt si an de leschte Minutte virum Opschlag Biller vun der Mounduewerfläch maachen an op d'Äerd schécken.

Ranger 8
D'Moundsond Ranger 8
Typ Äerdmoundsond
Land  USA
Agentur NASA
COSPAR-Bezeechnung 1965-010A
Missiounszil Fotograféiere vum Äerdmound
Mass 367 kg
Start 17. Februar 1965
Startplaz CCAFC LC-12
Drorakéit Atlas-Agena-B
Status Opschlag um Mound: 20. Februar 1965

Missioun änneren

D'Ranger 8 war de 17. Februar 1965 u Bord vun enger Atlas-Agena-B-Rakéit vum LC-12 vun der Cape Canaveral Air Force Station gestart. Nom Erreeche vun der Parkbunn an 185 Kilometer Héicht gouf no 14 Minutte d'Agena-Uewerstuf fir 90 Sekonne gezünnt an d'Ranger 8 op eng Bunn zum Mound bruecht. E puer Minutten duerno hat sech d'Sond vun der Uewerstuf getrennt an hat hir Solarpaneelen ausgebreet. Den 20. Februar 1965 hat d'Ranger 8 de Mound erreecht. Um 09:34 Auer UTC gouf aus enger Héicht vun 2510 Kilometer iwwer der Mounduewerfläch da éischt Bild gemaach an iwwermëttelt. Dat lescht Bild hat eng Opléisung vun 1,5 Meter. D'Sond war mat zirka 2,68 km/s no 64-stënnegem Fluch am Mare Tranquillitatis opgeschloen. Am Ganzen hat d'Sond 7137 Biller geknipst.

D'Missioun war en Erfolleg.

Trivia änneren

Op Biller vun der Sond Lunar Reconnaissance Orbiter, am Joer 2009 ass d'Opschlagplaz ze gesinn.

 
Foto vum Mare Tranquillitatis, 5 Sekonne virum Opschlag aus enger Héicht vun zirka 11 Kilometer.
 
Ranger 8 Bild vun de Kraterer Ritter a Sabine

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Ranger Block 3 – Biller, Videoen oder Audiodateien