Pompjeeskantonalverband Lëtzebuerg-Stad

De Kantonalverband Lëtzebuerg-Stad vun de Pompjeeën ass, entgéint der Logik, e "Kantonalverband" just fir d'Stad Lëtzebuerg. Dëst huet historesch an organisatoresch Grënn.

Ford Transit vun de Pompjeeë Rollengergronn

Nieft de Beruffspompjeeë gëtt et an dem Kantonalverband Lëtzebuerg nach follgend fraiwëlleg Corpsen:

D'fräiwëlleg Pompjeeën aus deene Corpse schaffen an Service Incendie-Sauvetage an Ambulanz vun der Stad iwwer verschidde Gruppen mat: de Groupe Volontaire, de Groupe de Garde an den RS-Groupe.

Am Groupe Volontaire sinn déi Pompjeeën, déi am Icendie-Sauvetage matschaffen, am Groupe de Garde ginn haaptsächlech bei grousse Manifestatioune Sécherheetsdéngscht gemaach an den RS-Groupe huet eng Rettungssanitäter Ausbildung an ënnerstetzt d'Beruffspompjeeë bei den Ambulanzenasätz.