HD 10180
Stär am Stärebild Hydrus
Den HD 10180 ass e sonnenänleche Stär am Stärebild Hydrus (kleng Waasserschlang), hien ass 128 Liichtjoer vun eiser Äerd ewech.
HD 10180 | |
![]() | |
Stärebild: | Hydrus (Hyi)
|
Daten | |
Equinoxe | J2000.0 |
Rektaszensioun | 01h 37m 53.576s |
Deklinatioun | - 60° 30' 41.50" |
visuell Magnitude | + 7,33 mag |
Spektralklass: | G1 V |
Astrometrie | |
Radialvitess: | 35,3 ± 0,2 km/s |
Parallax | 25,63 ± 0,38 mas |
Distanz | 127,3 ± 1,9 Lj |
Absolut Hellegkeet | +4,4 mag |
Aner Bezeechnungen | |
Bayer-Bezeechnung | |
CD | −61° 285 |
Henry-Draper-Katalog | HD 10180 |
Hipparcos-Katalog | HIP 7599 |
SAO-Katalog | SAO 248411 |
Tycho-Katalog | TYC 8850/1715/1 |
![]() |
Wärend enger sechsjähreger Studie mat Hëllef vum HARPS-Spektrograph am 3,6-m-Teleskop vum La-Silla-Observatoire vum Europäesche Südobservatoire am Chile gouf festgestallt, datt de Stär e Planéitesystem vun op d'mannst sechs bis siwe Planéiten huet.
D'Planéitesystem vum HD 10180
änneren- Den HD 10180 b ass en netkonfirméierten Objet. De méigleche Planéit läit 0,02 AE vum Stär ewech, a brauch eppes méi wéi een Dag fir een Ëmlaf an huet eng Mindestmass, déi ongeféier der Mass vun der Äerd entsprécht.
- Den HD 10180 c läit 0,06 AE vum Stär ewech (zirka 6-mol méi no wéi de Merkur bei der Sonn), a brauch 5,4 Deeg fir en Ëmlaf an huet eng Mindestmass vu ronn 13 Äerd- oder 0,04 Jupitermassen.
- Den HD 10180 d läit ongeféier 0,1 AE vu sengem Stär ewech, a brauch ongeféier 11,5 Deeg fir en Tour an huet eng änlech Mindestmass wéi den HD 10180 c.
- Den HD 10180 e beweegt sech ongeféier ronn 0,3 AE ewech vum HD 10180 (eppes méi no wéi de Merkur bei der Sonn), brauch ronn 60 Deeg fir eng Ëmronnung an ass mat enger Mindestmass vu ronn 0,08 Jupitermasse warscheinlech e Gasris.
- HD 10180 f läit 0,5 AE vom Zentralstär (eppes méi no wéi d'Venus bei der Sonn), brauch ronn 129 Deeg fir eng Ëmronnung an huet eng Mindestmass wéi den HD 10180 e.
- Den HD 10180 g ass 1,4 AE vu sengem Stär ewech (änlech wéi de Mars bei der Sonn), a brauch zirka 1,7 Joer fir en Ëmlaf an huet ongeféier 0,7 Jupitermassen.
- Den HD 10180 h beweegt sech op ronn 3,4 AE vum HD 10180, a brauch ronn 6,3 Joer fir en Ëmlaf an ass mat zirka 0,2 Jupitermassen deen Exoplanéit mat der gréisster Mindestmass ënner de bekannte Planéite vum System.
Kuckt och
ännerenLiteratur
änneren- C. Lovis et al.: (en) The HARPS search for southern extra-solar planets. XXV. Up to seven planets orbiting HD 10180: probing the architecture of low-mass planetary systems, publizéiert am: Astronomy and Astrophysics (13. August 2010)
Um Spaweck
ännerenCommons: HD 10180 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Größte Planetenfamilie entdeckt, Publikatioun vum ESO (24. August 2010)
- Enzyklopädie der extrasolaren Planeten